D'Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Sauvetageinstrukteren

Hues du Loscht dech ze engageieren, hues du Disziplin, gutt Nerven an bass du gewëllt, däin Wëssen un anerer weider ze gin?

Dann bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:

- Sauvetagetaktiken
- Rettung aus Héischten an Déiften
- Persounebefreiung aus Gefirer
- Auslaafen vun chemeschen, biologeschen oder nuklearen Stoffer
- Handhabung vum schwéieren Otemschutz
- Notiounen vum Feierwiesen
- An nach villes méi.

Fir matzemaachen muss Du:

- De medezineschen Eegenungstest bestoen
- Zwëschen 21 an 45 Joër al sin
- En Eischt-Hëllef Cour gemaach hun
- Den Sauvetage-Brevet hun
- En Extrait aus dem Casier judiciaire firleeën (net mei aal wei 2 Meint)

Umeldeschluss ass de 15. September 2010.

D'Kandidaturen sinn ze schecken un:

Administration des services de secours
c/o Madame Tine A. Larsen
1, rue Robert Stümper
L-2557 Luxembourg

Wanns Du Dech ugesprach fills oder fir weider Informatiounen dann zeckt net an mell Dech um

Tel.: (+352) 49 77 11
Fax: 49 77 1 – 771
E-mail: info@112.public.lu


 
                       
 

Dernière mise à jour