D'Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Pompjeesinstrukteren

Hues Du Loscht Dech ze engagéieren, hues Du Disziplin, gutt Nerven a bass Du gewëllt, Däin Wëssen un anerer weider ze ginn?

Dann bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:
-
Geforen op der Asaatzplaz
- Koordinatioun vum Asaatz an d’Kommunikatioun
- Asaatztaktiken
- Handhabung vum schwéieren Otemschutz
- Asaatzgefierer
- Spezialmaterial fir d’Feierbekämpfung
- Geféierlech Materialer a Produkter
- An nach villes méi

Fir matzemaachen muss Du:
-
De medezineschen Eegenungstest bestoenEn Éischt-Hëllef Cours gemaach hun
- En Extrait aus dem Casier judiciaire firleeën (net méi aal ewéi 2 Méint)
- Den Fäegkeetsbrevet vum 2. Grad bezéiend op Asaatztechniken géint d’Feier (BAT2, BT2) hunn an uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung
- Den Otemschutzléiergang (AGT)

Umeldeschluss ass de 31.01.2011.

D’Kandidaturen sinn ze schécken un:
Administration des services de secours
c/o Monsieur Patrick Grof
1, rue Robert Stümper
L-2557 Luxembourg

Wann‘s Du Dech ugesprach fills oder fir weider Informatiounen
dann zéck net a mell Dech um:

Tel.: 49771-449
Fax: 49771-771
E-mail: patrick.grof@secours.etat.lu

Dernière mise à jour