IKA zu Erfurt "Gold" fir Lëtzebuerg

Dëst Joer huet „Unité logistique Ravitaillement“ vun der Protection Civile mat den Käch
Guy Rommes, Jean-Claude Brill, Jerry Herkes, Annette Rind an den Hëllefskräften Marco Schneider an Marie-Josée Blockmann um internationalen Kachconcours, deen am Kader vun der IKA zu Erfurt organiséiert gouf, deelgeholl.

"D'Olympiade der Köche" ass ze vergläichen mat der "Expogast" zu Lëtzebuerg.

Eise Group wor ageschriwen an der Kategorie "Catering" wou 16 Equipen aus verschidden Natiounen deelgehol hun.

Si hun Mëttes missen een Menu fir 150 Leit preparéieren.

Hei de Menu vun der Lëtzebuerger Equipe:

Potage de chou-fleur
***
Crudités
***
Paëlla végétarienne
***
Filet de saumon grillé, sauce safranée
Tagliatelle
Poêlée de légumes
***
Râble de lapin farci, sauce au porto
Pommes de terre pressées, haricots au lard, carottes glacées
***
Gâteau de fromage aux mandarines

 

Grouss war d'Freed wéi eise Group gewuer gouf, dat si an hirer Kategorie eng Goldmedaille krit hun an dat si am Generalranking op déi 4. Platz koumen.

Si haten sech dat net erwart vis-à-vis vun der Konkurenz déi mat professionnellen Teams ugetrat sin.

Léon Ane

 

Fotoen: Léon Anen & Jean Metz

photo311, De Group no hirem Erfolleg
De Group no hirem Erfolleg
©SIP, Léon Anen & Jean Metz
Photo230, Lëtzebuerger Supporteren déi op Erfurtkomm sinn fir eis Equipe ze ënnerstetzen
Lëtzebuerger Supporteren déi op Erfurtkomm sinn fir eis Equipe ze ënnerstetzen
©SIP, Léon Anen & Jean Metz
Photo3, De Jerry an den Jean-Claudebei der Preparatioun vum Menu
De Jerry an den Jean-Claudebei der Preparatioun vum Menu
©SIP, Léon Anen & Jean Metz

Dernière mise à jour