Fraen am Rettungswiesen

pic1 Logo ASS
©SIP

Zesumme mat enger Rei Partner setzt de MEGA dëst Joer d'Feier vum Internationale Fraendag zou Lëtzebuerg ganz an d'Zeeche vun de

Fraen am Rettungswiesen
8. Mäerz 2013

pic2 Logo 3 Rondelen
©SIP

engersaïts fir esou hieren Asaz an hier Aarbecht am Alldag ze valoriséieren an anerersaïts fir aner Meedercher a Fraen fir déi Aktivitéiten ze begeeschteren.

Verschidden Manifestatiounen sin op dem Dag, den ënnert dem héije Patronnage vun der Grande-Duchesse Maria Teresa steet, virgesin:

  1. um Knuedler gin ët ab 13h00 Demonstratioune vun dene verschiddenen Acteuren aus dem Rettungswiesen an Atelier’en vun Instruktere fir engagéiert Fraen an de Grand Public
  2. um 15h30 ass am Cercle-Cité eng Konferenz ronderëm d’Thema mat Presentatiounen, Temoignagen an enger Table ronde
  3. den Dag gëtt ausklenge gelooss am Cercle municipal mat enger Virstellung vum Cabaret Makadammen an engem Eirewäin, béides offréiert vun der Gemeng Lëtzebuerg.

Mir wäre frou wann dir iech den Dag géift reservéieren an dëse Message un all méiglech Interesséiert kéint weiderleeden!

D’Invitatioun mam detailléierte Programm kënnt Mëtt Februar.

Dernière mise à jour