D'Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Instrukteren fir den Sauvetage/Incendie

Hues Du Loscht Dech ze engagéieren, hues Du Disziplin, gutt Nerven a bass Du gewëllt, däi Wëssen un anerer weider ze ginn?

Da bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:

  • Geforen op der Asaatzplaz
  • Koordinatioun vum Asaatz an d’Kommunikatioun
  • Asaatztaktik
  • Geféierlech Materialer a Produkter
  • Sauvetagetaktik
  • Rettung aus Héischten an Déiften
  • Persounenbefreiung aus Gefirer
  • Handhabung vum schwéieren Otemschutz
  • Spezialmaterial fir d’Feierbekämpfung
  • An nach villes méi.

Umeldeschluss ass de 15. Februar 2013 beim Patrick Grof
Administration des services de secours
1, rue Robert Stümper
L-2557 Luxembourg
Tel.: (+352) 49771-445

Fir weider Informatiounen zeckt net a mell dech um:
Tel.: (+352) 49771-302 beim Hubert Schmit (incendie)
Tel.: (+352) 49771-341 beim Francis Kayser (sauvetage)

Fax: (+352) 49771-771
E-mail: info@112.public.lu

Tel.: (+352) 49771-449
Fax: (+352) 49771-771
E-mail: patrick.grof@secours.etat.lu

Fir matzemaachen muss Du:
  • De medezineschen Eegenungstest bestoen
  • En Extrait aus dem Casier judiciaire firleeën (net méi aal ewéi 2 Méint)
  • En Éischt-Hëllef Cours gemaach hun
  • Incendie: den Fäegkeetsbrevet vum 2. Grad bezéiend op Asaatztechniken géint d’Feier (BAT2, BT2) an uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung
    oder
  • Sauvetage: den Sauvetage-Brevet hun an uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung
  • Den Otemschutzléiergang (AGT)

Dernière mise à jour