Hues Du Loscht Dech ze engagéieren, hues Du Disziplin, gutt Nerven a bass Du gewëllt, däi Wëssen un anerer weider ze ginn?
Da bass Du de Richtegen!
An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:
- Geforen op der Asaatzplaz
- Koordinatioun vum Asaatz an d’Kommunikatioun
- Asaatztaktik
- Geféierlech Materialer a Produkter
- Sauvetagetaktik
- Rettung aus Héischten an Déiften
- Persounenbefreiung aus Gefirer
- Handhabung vum schwéieren Otemschutz
- Spezialmaterial fir d’Feierbekämpfung
- A nach villes méi.
Fir matzemaachen muss Du:
- De medezineschen Eegenungstest bestoen
- En Extrait aus dem Casier judiciaire firleeën (net méi aal ewéi 2 Méint)
- En Éischt-Hëllef Cours gemaach hun
- Incendie: den Fäegkeetsbrevet vum 2. Grad bezéiend op Asaatztechniken géint d’Feier (BAT2, BT2) hunn an uschléissend zum BAT1, BT1 4 Joer Erfahrung
oder - Sauvetage: den Sauvetage-Brevet hunn an uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung
- Den Otemschutzléiergang (AGT)
Umeldeschluss ass de 15. Mai 2013 beim Patrick Grof
Administration des services de secours
1, rue Robert Stümper
L-2557 Luxembourg
Tel.: 49771-445
E-mail: patrick.grof@secours.etat.lu
Fir weider Informatiounen zeck net a mell dech um:
Tel.: 49771-302 beim Hubert Schmit (incendie)
Tel.: 49771-341 beim Francis Kayser (sauvetage)
Fax: 49771-771
E-mail: info@112.public.lu