D'Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Instrukteren fir den Secourismus

Hutt Dir Zait a Loscht iech am Intérêt vun äre Matmenschen ze engagéieren a kennt Dir Iech a folgende Beräicher aus:

  • Anatomie a Physiologie

  • Pathologien

  • Microbiologie

  • Reanimation

  • Psychologie, Sociologie an Pedagogie

Wëllt Dir är Kenntnisser an dëse Beräicher verdéiwen an ärt Wëssen un d'Bevölkerung an d'Membere vun de Rettungsdëngschter weiderginn, dann mellt Iech fir d'Ausbildung zum Instrukter am Sekurismus, déi den Hiescht ufänkt.

Scheckt är schrëftlech Demande un d'Verwaltung vun den Hëllefsdengschter an kompléteiert si durch folgend Dokumenter:

  • en Extrait aus dem Casier judiciaire (net mei aal wei 2 Meint)

  • e Noweis dass dir en Eischt-Hëllef Cours gemaach hutt

  • de Fäegkeetsbrevet als Secouriste-Ambulancier, an uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung, oder den Diplôme als Infirmier.

Dir musst dann nach de medezineschen Eegenungstest vum service Médical vun de Rettungsdëngschter bestoen, an dann sidd Dir dobai.

Umeldeschluss ass de 15. August 2013 bei der Madame Lydia Matysik, 1, rue Robert Stümper, L-2557 Luxembourg, Tél.: 49 77 1-413.

Dernière mise à jour