Nach der Flut

D’Pegelstänn nom uergen Héichwaasser an Däitschland an an aneren Deeler vun Europa ginn immens lues zréck. Wat bleift sinn zerstéiert Haiser mee awer och Biller, déi weisen ewéi solidaresch d’Leit sech géigesäiteg gehollef hunn. D’LGS wëlle beim Opbau a Raumen hëllefen an dofir schécke mir 50 Jonker am Kader vum europäesche Fräiwëllegendéngscht während der grousser Vakanz op Halle an Ostdäitschland, enger Stad déi zanter 70 Joer keng sou schwéier Iwwerschwemmunge méi kannt huet.

Vir wien ?

Zwou Gruppe mat all Kéier 25 Jonke fuere fir ee Mount op Halle hëllefen.
Du bass tëscht 18 an 30 Joer al, bass engagéiert, kierperlech fit a kanns eng Hand mat upaken? Dann ass dat hei genee dat richtegt fir dech!

Wat ?

Am meeschten Hëllef gëtt bei der Renovatioun vum „Peissnitzhaus“ gebraucht, engem Kulturzentrum deen 2010 opgaang ass a virdrun während 7 Joer duerch d’Engagement vu ville Benevolen restauréiert gouf (http://www.peissnitzhaus.de)

Wéini ?

Et ginn 2 Méiglechkeeten : - 15. Juli bis 14. August - 15. August bis 14. September

Partnerorganisatioun op der Plaatz ?

« Friedenskreis Halle e.V. »: Zanter der „Wende“ gëtt et dëse Veräin deen nieft der Aarbecht a punkto Friddenerzéihung vill Erfahrung mam Europäeschen Fräiwëllegendéngscht huet http://friedenskreis-halle.de .

Ënnerstetzung ?

D’Reeskäschten, d’Iwwernuechtungen zu Halle, d’Iessen an Assurance grad wéi en Täschegeld vun 105 € gi vum Programm "Youth in Action" iwwerholl.
Op der Plaz gëss Du vun experimentéierten Leit encadréiert. Dëst ass sécher eng Erfahrung fir dech, déi däin Liewen nohalteg beräichert.

Wou umellen ?

Umellen muss der iech bis den 28. Juni a weider Infoe kritt ee beim
Tom Biever
Tel. : 26948422
tom.biever@lgs.lu

Dernière mise à jour