D’Pompjeesschoul sicht zousätzlech Formateuren fir d'Otemschutzstreck an de Caisson Feu Phase 1

Hues du Loscht dech ze engagéieren, hues du Disziplin an bass du gewëllt, däin Wëssen un anerer weider ze ginn?

Dann bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:

  • Geforen op der Asatzplaz
  • Koordinatioun vum Asätz an d 'Kommunikatioun
  • Asätz Taktik
  • Rettung vun Persounen
  • Handhabung vum schwéieren Otemschutz
  • Bedéngen vun der Otemschutzstreck an Gas bedriwwen Caisson Feu Phase-1
  • Mathëllefen an der Otemschutz-Iwwerwaachung op der Pompjeesschoul
  • An nach villes méi.

Fir mat ze maachen muss Du:

  • De medezineschen Eegenungstest bestoen
  • Mindestens 21 Joer Aal sinn
  • En Extrait aus dem Casier judiciaire virleeën (net méi Aal wei 2 Méint)
  • Den Fäegkeetsbrevet vum 2. Grad bezéien op Asätz Techniken géint d 'Feier (BAT-2, BT-2) hunn
  • Den Brevet vum schwéieren Otemschutz hunn an zousätzlech eng 2. Phase am Caisson-Feu absolvéiert hunn.
  • Avantage ass eng 3. Phase am Caisson Feu rsp. sech engagéieren fir déi 3. Phase nozehuelen

Umeldeschluss ass de 15. Abrëll 2014

Wann 's Du Dech ugesprach fills oder fir weider Informatiounen dann zeckt net an mell Dech op der Pompjeesschoul, 25 rue de la Wark, L- 9175 Niederfeulen;
Tél.: 81 81 41;
Mail: hubert.schmit@secours.etat.lu oder ensis@fnsp.lu

Zum letzten Mal aktualisiert am