Recrutement d'instructeurs

D’Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Instrukteren an de Beräicher Secourismus, Sauvetage an Incendie.

Hues Du Loscht Dech ze engageieren, hues Du Disziplin, gutt Nerven a bass Du gewëllt, däi Wëssen am Intérêtvun dengen Matmënschen weiderginn, a kenns dech an engem vun de Beräicher aus dem Rettungswiesen gutt aus?

Da bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidde mir Dir vill Wëssen un, je no dem Beräich an deems Du Dech engagéiere wëlls.

Mell Dech fir d’Ausbildung zum Instrukter am Secourismus, Sauvetage oder Incendie, déi dësen Hiescht ufänkt.

Scheck Deng schrëftlech Demande un d’Verwaltung vun den Hëllefsdengschter a kompletéiert si mat folgenden Dokumenter:

  • en Extrait aus dem Casier judiciaire (net méi aal wéi 2 Méint)
  • e Noweis dass Du en Eischt-Hëllef Cour gemaach hues
  • Secourismus: de Brevet vum Secouriste-Ambulancier, mat uschléissend dozou 4 Joër Erfahrung, oder den Diplôme als Infirmier.
  • Sauvetage: de Sauvetage-Brevet, mat uschléissend dozou 4 Joër Erfahrung an den Otemschutzléiergang (AGT)
  • Incendie: de Fäegkeetsbrevet vum 2. Grad bezéiend op Asaatztechniken géint d’Feier (BAT2, BT2) mat uschléissend dozou 4 Joer Erfahrung an den Otemschutzléiergang (AGT)

Du muss dann nach de medezinëschen Eegenungstest vum Service Médical, vun de Rettungsdëngschter, bestoën an da bass Du dobai.

Umeldeschluss ass de 31. August 2014 bei der Madame Tine A. Larsen, 1, rue Robert Stümper, L-2557 Luxembourg

Bei Froen, kontaktéiert w.e.g.:

  • Secourismus:
    Madame Claudine Oth
    Tél.: (+352) 49 77 1-408
  • Sauvetage :
    Här Francis Kayser
    Tél.:(+352) 94 92 33-1
  • Incendie :
    Här Hubert Schmit
    Tél.: (+352) 81 81 41

 

Dernière mise à jour