Rekrutement beim „Humanitarian Intervention Team, H.I.T.“

Rekrutement beim „Humanitarian Intervention Team, H.I.T.“

Mir sichen nei ICT-Experten fir eisen Group TAST (Technical Assistance and Support team)

Fir matzemaachen muss een:

  • De medezineschen Eenegungs-Test bestoen (Pour certaines catégories d’agents volontaires particulièrement sollicités dans leurs missions)
  • tëscht 25 an 45 Joer al sinn
  • Der englescher Sprooch mächteg sinn
  • Minimum am Besetz vun engem CATP an der Telekommunikatiouns-Technik oder der Informatik sinn

Wat bidde mir?

  • eng flott Ambiance an en gudden Teamgeescht
  • interessant Asätz am Kader vun der internationaler Hëllef, ënner anerem
    • Deployement vun der emergency.lu Solutioun (www.emergency.lu)
    • Technesch Ënnerstëtzung vun Équipen vun der UN an der EU
    • Technesch Ënnerstëtzung vun aneren lëtzebuerger Unitéiten bei Asätz am Ausland
  • eng komplett Formatioun am Kader vun theoreteschen Couren an prakteschen Exercicer, ënnert anerem:
    • Am Kader vun den Vereenten Natiounen an der Europäescher Unioun
    • Bilateral, z.B. an Zesummenaarbecht mam THW
    • Am Kader vun aneren internationalen Netzwierker wéi IHP (www.ihp.nu)
    • Formatioun um nationalen Niveau

Wat hätte mir gär?

  • Leit déi sech engagéieren
  • Leit mat Teamgeescht
  • Leit déi eng grouss Disponibilitéit hunn (prinzipiell Méiglechkeet am Joer un enger Missioun vun +/- 10 Deeg an enger internationaler Formatioun vun +/- 8 Deeg deel ze huelen)
  • Leit déi an physescher an psychescher gudder Verfaassung sin
  • Leit déi bereet sinn weltwäit an den Asaatz ze goen, dëst heinsdo bannen Stonnen

Fir definitiv Member vum Grupp ze gin muss een folgend Formatiounen erfollegräich ofgeschloss hun:

  • Éischt Hëllef Cours
  • UN Basic Security in the Field (online Training, +/- 4 Stonnen)
  • UN Advanced Security in the Field (online Training, +/- 4 Stonnen)
  • EU Community Mechanism Induction Course oder THW Einsatzgrundlagen Ausland (5 Deeg)
  • Emergency.lu „Deployment Assistant“ Formatioun (8 Stonnen)

Weider Informatiounen:

Kandidaturen:

Scheckt Äer Kandidatur mat engem CV bis den (6 Wochen no der Publikatioun) un den Gilles Hoffmann, Gilles.hoffmann@mae.etat.lu

Dernière mise à jour