Passation des pouvoirs Protection Civile Differdange 2015

En Pionéier, Kolleg an langjähregen Zenterchef vum Asazzenter Déifferdeng, ass an seng verdingten Pensioun gangen !

No 37 Joren Aktivität, dovun 31 Joer als “ chef de centre” huet den Raymond BRACONNIER mir als sein Nofolger, den 20. März 2015 séin Amt iwergin.

FullSizeRender (8) 357
Protection Civile Differdange Braconnier Raymond > Thierry Ternes Differdange 09.04.2015 - © claude piscitelli
© claude piscitelli, SIP

Den Raymond RACONNIER gebueren den 19.03.1950 zu Déifferdeng, huet sech schon am jonken Alter fir Rëttungsdëngschter interesséiert.

Sou huet hien schon am Alter vun 25 Joer en Antrag gestallt fir kennen an den Corps vun den Wierkspompjeen vun der HADIR beizetrieden, fir sech op des Art an Weis an den Dëngscht vun sengen Matmenschen kennen ze stellen. Nodems hien verschieden Stagen gemeeschtert hat, an no an enger Proufzéit vun 12 Méint, gouf hien dann den 05.11.1975 offiziel an Wierkspompjeeën opgeholl wou hien dann och bis zum 01.08.1995 aktiv war.

Well hien awer och am Ambulanzen an Sauvetagedengscht aktiv wollt matschaffen, awer an der Gemeng Déifferdeng zu dem Zéitpunkt keen Asazzenter vun den Hellefsdëngschter bestanen huet, deen des Servicer ausgefouert huet, ass hien dann den 20.04.1978 am Alter vun 28 Joer als aktiven Member an den Zenter vun der Protection Civile Péiteng/Käerjeng angetrueden.

En puer Joer dono, an zwar den 01.10.1981 wéi dunn awer bedingt durch interkommunalt Spidol Marie-Astrid souwéi Réorganisatioun vun der Protection Civile och an der Gemeng Déifferdeng en egenstännegen Centre de Secours entstanen ass, huet hien sech dann selbstverständlech an senger Gemeng am Zenter an den Dëngscht vun sengen Matmenschen gestallt, wou hien dann och schon den 13.11.1982 zum chef de centre adjoint avancéiert ass.

Op Wonsch vum Léon JUNG, deen zu desem Zéitpunkt Direkter war, gouf hien schon 2 Joer dono, durch en ministeriellen Beschluss vum 01.09.1984 op den Posten vum “ chef de centre” ernannt.

Dest war awer zu dem Zéitpunkt wirklech keng einfach, méi eng ganz schwiereg an delikat Tache. Et hun missten vill Stéing aus den Wee geraumt gin, fir desen nach relativ, jonken Zenter schlussendlech richteg un rullen ze kréien. Och stungen net déi néideg, adäkuat Réimlechkeeten zur Verfügung, an an.

Awer hien huet nie resignéiert, neen, hien hat sein Ziel an seng Linn. Hien wollt en Zenter obbauen, deen mat fréiwellegen Mataarbechter gudd, komerodschaftlech, awer wéi op professioneller Basis giff fonktionéieren.

Och wann Raimlechkeeten an der Henri Dunontstross net déi adäkuats waren, an et bis den 28.10.1988 gedauert huet bis Protection Civile schlussendlech an den néien Zenter um Fousbann konnt anzéihen, huet hien et awer schon an deenen Joren virdrun ferdeg bruecht, durch séin sozialen an komerodschaftlechen Karakter eng familiär Ambiance am Zenter ze schafen an dodurch emmererem néi Memberen ze rekrutéieren. Och huet hien et ferdeg bruecht,durch des Mossnahmen seng Mataabechter wéi eng Famill zesummen ze halen an lues an lues den Zenter weider opzebauen.

An esou huet hien aus dem Zenter Déifferdeng dat Bild gestallt, wat hien haut duerstellt:

En gudden, dynameschen an em roderem d’Auer operativen Zenter, mat enger gudder, jonker souwéi motivéierter Mannschaft, déi no hierem beschten Wessen an Kennen, am Noutfall hieren Matmenschen Hëllef zoukommen lossen.

Esou brauchen éis Matbierger, sollten se emol an Nout geroden, an Hellef brauchen, sech dann och keng Gedanken ze machen, well Zukunft vun Déifferdenger Asazzenter ass durch des jonk an voll motivéiert Mannschaft ofgesechert.

Das hien am Asazzenter Déifferdeng bis zu sengem leschten Dag ganz beléift war, an Memberen voll an ganz hannert him stungen, dovunner zéien folgend Wierder, op der Titelséit vun enger DVD, déi Memberen him bei Gelegenheet vun sengem Abschied an der Generalversammlng mat engem eenmoolegen Geschenk iwerreecht hun:

“Aus dem Zenter bass Du zwar fort, mee en Deel dovun waerst de emmer sinn !

Merci Raymond

Genéiss déin Recktrett! “

“Iwregens dat schéinsten Erliewnis, wat hien an senger ganzer Amtszéit am Zenter erliewt huet, sou wei hien dat selwer ausgesprach huet.”

Net vun Umgeféier huet den chef de division vun der Verwaltung vun den Rëttungsdëngschter den Här Guy BLEY an der Generalversammlung ze verstoen gin, dass et fir mech eng Eier kinnt sinn, fir Leedung vun desem Asazzenter aus den Hänn vum Raymond BRACONNIER ze iwerhuelen.

Eng Aufgab déi Ech selbstverständlech gäeren ungeholl hun, an och wäert versichen no mengem beschten Wessen an Kennen auszeféieren.
 

Thierry TERNES
Chef de centre

Dernière mise à jour