D'Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter sicht nei Incendie/Sauvetage Instrukteren

Hues Du Loscht Dech ze engagéieren, hues Du Disziplin, gutt Nerven a bass Du gewëllt, Däi Wëssen am Interêt vun dengen Matmënschen weiderzeginn?

Kenns de Dech am Beräich Incendie/Sauvetage aus dem Rettungswiesen gutt aus?

Bas Du säit wéinstens fënnef Joër aktive an den Rettungsdéngschter?

Da bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:

Mell Dech fir d'Ausbildung zum Instrukter Incendie/Sauvetage déi am Februar ufänkt. Nom bestanen Examen bass Du Instrukter am Beräich Incendie a Sauvetage.

Schéck Deng schrëftlech Demande un d'Verwaltung vun den Hëllefdéngschter a kompletéier si mat folgenden Dokumenter:

D'Kandidaturen sinn u folgend Adress ze schécken:
Administration des services de secours
c/o Dr. Joé Diederich
1, rue Robert Stumper
L-2557 Luxembourg


Bei Froen, kontaktéiert w.e.g. den Här Yves Legil:
yves.legil@secours.etat.lu oder ënnert der Telefonsnummer 49 771-441

  • En Extrait aus dem Casier judiciaire (net méi al wéi 2 Méint)
  • E Noweiss dass Du en Éischt-Hëllef Cour gemat hues
  • De "Brevet d'aptitude de secouriste-sauveteur"
  • De "Brevet d'aptitude de 2ième degré portant sur les techniques de la lutte contre l'incendie - BAT2/BT2"
  • De "Brevet de formation pour porteurs d'appareils respiratoires isolant"

Umeldeschluss ass den 31.01.2016.

Zum letzten Mal aktualisiert am