De Neijoerschpatt vun der Inneministesch fir d'Vertrieder vun der ziviller Sécherheet

De 14. Januar 2020 huet d’Inneministesch, Taina Bofferding, d’Vertrieder vun der ziviller Sécherheet op de Neijoerschpatt zu Lamadeleine agelueden.

Réckbléckend op d’Joer 2019 huet d’Ministesch an hirer Ried e puer wichteg Ereegnisser vir de CGDIS ervirgehuewen. Dorënner dat neit Gesetz iwwer d’Dampmelder esou wéi d’Schafe vun enger Journée nationale de prévention, d’Akraafttriede vu verschäerfte Bestrofunge bei Aggressioune géigeniwwer vu Rettungsdéngschter, d’Mise en place vun engem véierte SAMU an net ze vergiessen di gréisser Asätz déi de CGDIS 2019 huet misse meeschteren.

Zu dëser Occasioun huet och de Generaldirekter vum CGDIS, den Här Paul Schroeder, e Bilan vum Joer 2019 fir de CGDIS gezunn a gläichzäiteg di nei Prioritéite vir d’Joer 2020 virgestallt.

Virun engem Joer goufen op dem deemolegen Neijoerschpatt vir d’Joer 2019 di folgend Prioritéite festgeluecht:

  1. D’ Integratioun vun de Gemengen: Bei der Entstehung vum CGDIS den 1. Juli 2018 gouf eng Iwwergangszäit vun 2 Joer festgeluecht vir di eenzel Gemengen an den Etablissement public vum CGDIS ze integréieren. Mëttlerweil sinn 85% vun de Gemengen integréiert, respektiv dobäi fir integréiert ze ginn.
  2. D’ Informatik Projeten: E groussen Informatik Projet ass de Portail CGDIS, deen mëttlerweil an 3 CIS’e getest gëtt, esou wéi och den MSNAV. Béides sinn ganz komplex Projeten déi méi Zäit an Usproch huele wéi ursprénglech geplangt war. Erschwéiert gëtt dat ganzt doduerch, dass Donnéeën an Datebanken nëmme mühselig à jour ze setze sinn wat ënner anerem och mat sech zitt, dass et bis haut nach net méiglech ass all Member vum CGDIS direkt ze kontaktéieren. D’Mise en Place vun dësen informatesche Systemer wäert och 2020 nach eng Prioritéit bleiwen.
  3. Indemnitéiten vun de fräiwëllege Pompjeeën:.2019 waren och d’Indemnitéiten e wichtegt Thema. Aarbechtsgruppen hunn ganz intensiv zesumme mat der Ënnerstëtzung vu fräiwëllege Pompjeeën un dësem Projet geschafft. Dësen ass staark ofhängeg vun den informatesche Systemer, dorënner dem Portail CGDIS. Als Konsequenz, dass dëse Projet nach net op dem Niveau wéi ët sech dat virun engem Joer virgestallt ginn ass an och fir d’ Joer 2020 wäert dëst nach e wichtege Projet bleiwen.

Vum Joer 2019 ginn also 2 Prioritéite mat an dat neit Joer geholl. Fir 2020 sinn awer och wieder nei Prioritéite vir de CGDIS festgeluecht ginn.

  1. D’Plënneren an de Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS): Fir 2020 gouf de Stéchdatum vum 27. November festgehalen. Hei wäerten dann déi éischt Direktiounen an dat éischt Personal, déi am Moment hire Sëtz op dem Site Plantin hunn, an de CNIS plënneren Dës ambitiéis Aktioun wäert ganz vill Ressource verlaangen an ee vun de grousse Projeten vir dëst Joer sinn.
  2. Logistik: 2020 wäert e wichtegt Joer fir d’Logistik ginn. Wou bis elo d’Gemenge vill an dësem Beräich ausgehollef hunn an am Kader vun der Konventioun d’Käschte vir dës Aarbecht rembourséiert kritt hunn, wäert vun dem Moment un wou d’CIS’en integréiert sinn dës Arabescht der Logistik vum CGDIS zoufalen. Hei geet et dann ëm d’Geréiere vun dem Beräich Bâtiment, dem Entretien vun de Gebaier, dem Charroi an dem Entretien vun de Gefierer vir all d’CIS’en am Land.
  3. Respektvollen Ëmgang: E weidere Schwéierpunkt vir d’Joer 2020 soll op de Respekt an den Ëmgang matenee gesat ginn. Dëst esouwuel innerhalb vum CGDIS ewéi och géigeniwwer vun de Matbierger. All Member vum CGDIS ass hei opgeruff sech am Zesummeliewen ënnereneen an am Asaz mat de Matbierger respektvoll ze verhalen. Et soll sech awer och respektvoll de Rettungsdéngschter géigeniwwer verhale ginn. Zu dësem Thema gouf och d’Initiativ vun der Regierung ëmgesat vir Aggressioune géintiwwer vu Rettungspersonal méi streng ze bestrofen.
 
Fir méi Infoen:  

Dernière mise à jour