Recrutement de volontaires pour le Groupe de support psychologique

Nieft de Centres d’Incendie et de Secours (CIS), regruppéiert de CGDIS och eng
ganz Rei Groupes d’interventions spécialisés (GIS) déi zum Asaz komme wann e spezialiséiert Fachwësse gefrot ass.

E vun deene Groupes d’Interventions Spécialisés ass de Groupe de support psychologique (GSP).

 

D’Missioune vum GSP sinn :

  • Eng éischt psychologesch Hëllef a schwéieren Noutsituatioune wéi Accidenter oder och Katastrophë vun all Art unzebidden
  • Eng psychologesch Ënnerstëtzung fir Pompjeeën no engem Asaz unzebidden
  • Direktioun, d’Caderen an d’Membere vum CGDIS an dem Beräich vum Support psychologique ze beroden

 

De GSP wäert geschwënn nei fräiwëlleg Membere rekrutéieren a bitt Informatiounsversammlungen un, wou Dir méi iwwert de GSP selwer an och iwwer déi néideg Formatiounen, déi Ufank 2021 ufänken, erausfanne kënnt. 

 

Dës Informatiounsversammlunge fanne statt den:

  • Mëttwoch, 7. Oktober 2020 vun 19h00 – 22h00 Auer a
    am CIS Mondercange/Reckange - 6A, Grand-Rue L-4393 Pontpierre
  • Samschden, 17. Oktober 2020 vun 09h00 – 12h00 Auer
    am CIS Lintgen - 73, rue de Diekirch L-7440 Lintgen

 

Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun ëm de COVID-19 sinn d’Plaze limitéiert. Mir bieden Iech also bei Interessi Iech onbedéngt via Email unzemelle bei gis-gsp-contact@cgdis.lu

 

Dernière mise à jour