Semaine de la santé mentale du 10 au 16 octobre 2022

Dat war d’Semaine de la Santé Mentale 2022 am CGDIS!

An enker Zesummenaarbecht mat der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale huet de Service développement RH divers Aktiounen op d’Been gestallt, fir en Zeechen ze setzen fir d’Relevanz vu mentaler Gesondheet.

Ronn 40 Leit hunn am Kader vun engem Piloteprojet un de Coursen «Premiers Secours en Santé Mentale» deelgeholl a sinn doranner forméiert ginn, wéi een erkenne kann, wann et enger Persoun aus sengem Ëmfeld net gutt geet, a wéi een dorop reagéiere kann.

Iwwer 100 Leit hunn deelgeholl un der Foto-Challenge mat der grénger Schläif, weltwäit Symbol fir mental Gesondheet, woubäi immens kreativ Motiver erauskomm sinn.

 

 

Och d’Expo «Bien-Être» mat Informatiounen an Astucen, fir präventiv a sengem Alldag fir di eege mental Gesondheet kënnen ze suergen, huet fir vill intressant Diskussioune kënne suergen a wäert och an Zukunft ëmmer rëm zur Verfügung gestallt ginn.

Bis den 28.10.2022 ass nach eng intern Enquête zum Thema psychosozial Risiken a Bien-Être am CGDIS um Lafen, iwwer déi en État des lieux gemaach soll ginn.

Baséierend op dësem Kick-Off wäerte konkret Aktiounspläng ausgeschafft ginn, fir d’Thematik ëmmer besser kënnen unzegoen.

Dernière mise à jour