Reklamatioun / Merci

Wéini kréien ech eng Äntwert?

Innerhalb vu 5 Deeg no ärem Message krit dir vun eis en Accusé de Receptioun geschéckt. Vue dass all Reklamatioun individuell ass an des och Direktiounsiwergreifend kënne sinn, leeë mir besonnesche Wäert op d’ Qualitéit vun der Reklamatiounsanalyse. Am Prinzip erhaalt dir innerhalb vu 40 Deeg eng Äntwert.

Wéi laang kann ech eng Reklamatioun oder ee Remerciement areechen?

Am Prinzip kenn dir är Reklamatioun bis zu 6 Méint nom Reklamatiounsevenement aschécken. D’Remerciementer sinn net zäitlech limitéiert.

Wéi gëtt meng Reklamatioun beaarbecht?

De Qualitéitsmanagement vum CGDIS ass beméit déi héchst Qualitéit an der Analyse vu gemellten Evenementer ze bidden. Intern schaffe mir mat definéierte Prozeduren déi eis genau Virgabe ginn, wei Reklamatiounen ofgeschafft solle ginn. Am Prinzip schafft de Qualitéitsmanagement direktiounsiwergreifend a sicht och de Kontakt dem Plaignant. D’Remerciementer souwéi d’ Reklamatioune gi mat de Betraffenen Acteuren am CGDIS opgeschafft a méiglech Verbesserungspotentialer gi probéiert an Zukunft an eisen Alldag ze integréieren.

Aktualiséiert