Informatiounen

All zwee Joer invitéiert de CGDIS op seng JOURNÉE NATIONALE DE LA SÉCURITÉ CIVILE.

Dëst Joer fënnt se zu Dikrech bei der Aler Seeërei statt.

Wat erwaart iech?

  • Ausstellung vu Gefierer vum CGDIS
  • Demonstratiounen
  • Demonstratiounen vun de Spezialgruppen (GIS) vum CGDIS
  • Informatiounsstänn ronderem de Rekrutement vun haaptberuffleche Memberen
    a vu fräiwëllege Pompjeeën
  • Stänn vun de Partner vum CGDIS
  • Iessen a Gedrénks

Dat Wichtegst op ee Bléck:

  • 27. September 2026
  • ab 10:00 Auer
  • Diekirch, Al Seeërei
     

Hei drënner fannt dir weider nëtzlech Informatiounen.

   

Hei fannt dir alleguerten d'Aussteller:

CGDIS:

  • Noutruffzentral (CSU 112)
  • Rekrutement
  • Departement vun de fräiwëllege Pompjeeën
  • Sécherheet a Preventioun
  • Preventioun a Planifikatioun
  • Spezialiséiert Formatioun vun der Pompjeesschoul (INFS)

Spezialgruppen (Groupes d'intervention spécialisés):

  • Groupe cynotechnique (GCYN)
  • Groupe d'appui à la coordination opérationnelle (GACO)
  • Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO)
  • Groupe de protection contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (NRBC)
  • Groupe de reconnaissance et d'intervention en milieu périlleux (GRIMP)
  • Groupe de sauvetage animalier (GSAN)
  • Groupe de sauvetage aquatique (GSAQ)
  • Groupe de support psychologique (GSP)
  • Humanitarian Intervention Team (HIT)

Extern Aussteller:

  • Douane
  • Lëtzebuerger Arméi
  • Lëtzebuerger Rout Kräiz
  • LU-Alert
  • Luxambulance
  • Luxembourg Air Rescue
  • Malteser Kräiz Lëtzebuerg
  • Police Lëtzebuerg
  • Pompjeesmusée "an der Géitz"

 

   

Hei fannt dir de Plang fir erofzelueden:

   

Während dem ganzen Dag bitt de CGDIS divers Demonstratiounen un. Et gëtt kee feste Programm, d'Demonstratiounen ginn allerdings iwwer Lautsprecher ugekënnegt.

   

D'JOURNÉE NATIONALE DE LA SÉCURITÉ CIVILE ass fir Visiteuren vun all Alter.

Fir Kanner hu mir awer natiirlech eppes Extraes virbereet.

Op engem Rallye kënne Kanner bis 16 Joer hirt Wëssen ronderem de Rettungsdéngscht erweideren an dobai verschidde flott Aufgaben erledegen. Ass de Rallye-Carnet voll, kréien d'Kanner als Belounung e Cadeau!

   

Kommt ganz gemittlech mat den ëffentlechen Transportmëttelen op d'JOURNÉE NATIONALE DE LA SÉCURITÉ CIVILE.

Notzt och d'CFL go App fir déi passends Zuchverbindung op Dikkrech ze fannen:

   

Parken kënnt dir op follgende Plazen:

Do dernieft bidde mir eng Navette un, déi iech vun de verschiddene Parkméiglechkeeten bis op de Site vun der JOURNÉE NATIONALE DE LA SÉCURITÉ CIVILE bréngt.

D'Navette fiert de 27. September 2026 vun 10:00 bis 18:00 Auer.

Op der Kaart hei drënner fannt dir d'Parkméiglechkeeten, zesummen mam Plang vun der Navette.

Vu, dass d'JOURNÉE NATIONALE DE LA SÉCURITÉ CIVILE 2026 um Parking vun der Aler Seeërei stattfënnt, ass dëse Parking vum 21. September bis den 28. September inclus net disponibel.

Opgepasst: En Deel vun der Route d'Ettelbruck ass de 27. September gespaart.

   

Nieft sëllegen Iess- a Gedrénksstänn hutt dir onch d'Méiglechkeet bei eisem Shop laanschtzekucken.

Hei fannt dir flott Artikelen, Gadgeten a Kaddoen ronderem de CGDIS!

   

Wann dir nach eng Fro hutt, kontaktéiert eis via Email:

communication@cgdis.lu

Dernière mise à jour