De Groupe de sauvetage animalier (GSAN), deen aus fräiwëllege Pompjeeë mat enger spezieller Formatioun sou wéi fräiwëllege Vétérinairë besteet, intervenéiert bei Asätz wou en Déier a Gefor ass oder en Déier eng Gefor, fir de Mënsch oder de Public duerstellt, an ënnerstëtzen heibäi d’Pompjeeën aus de lokale Centre d’incendie et de secours.
Fir dës Missioune steet dem Groupe speziellt Material, verlueden op zwee GW-Tier, engem Pick-up an engem Päerdsunhänger, zur Verfügung. Vum Afänke vu gëftegen a geféierlechen exoteschen Déieren bis zur Biergung vu gréisseren Déieren ass alles dobäi.
Duerch d’Ausbildung am Groupe de sauvetage animalier bréngen d’Membere Fachwësse mat, fir den COS oder aner Administratiounen am Asazfall ze beroden.
Fir sech kënnen als Kandidat beim GSAN ze mellen, muss ee follgend Konditiounen erfëllen:
- Operationelle Pompjee am CGDIS sinn (fräiwëlleg an/oder berufflech);
- Eng gülteg medezinesch Aptitude an der Kategorie B hunn;
- Den FIS2- an/oder SAP2-Diplôme hunn
ODER - ëmfangräich Erfarung am Ëmgang mat Haus- oder Wëlldéieren a bereet sinn sech am Groupe ausbilden ze loossen
AN - mindestens 18 Joer hunn;
- Ee gültege B-Führerschäin hunn;
Fir sech méi am Detail iwwert d’Aarbecht vum Groupe ze informéieren, ass eng Informatiounsversammlung geplangt:
- Dënschdes, de 07.07 2026 um 19:00 am CNIS
An dëser Versammlung gi wichteg Detailer zu enger Affektatioun am Groupe de sauvetage animalier, der Formatioun, dem Maintien des acquis, mee och dem Oflaf vun Asätz erkläert. D’Participatioun un dëser Séance d’information ass obligatoresch, wann ee fir de GIS postuléiere wëll.
Invitéiert ass jiddereen, den déi uewe genannte Konditiounen erfëllt an un engem Engagement als fräiwëllege Pompjee am GSAN interesséiert ass. Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis de 05.07.2026, iwwert de Link ënnen, obligatoresch.
Eng definitiv Kandidatur muss no der Infoversammlung a Form vun enger Mail bis spéitstens de 12.07.2026 u follgend Adress geschéckt ginn: dco-dpv@cgdis.lu.
Zwëschent all Kandidat an de Responsabele vum GSAN wäerten individuell Entretien’en statt fannen, an et gëtt eng Selektioun getraff.
D’Formatioun «GSAN 1» fënnt u follgenden Deeg statt, un deenen all Stagiaire muss kënnen deel huelen:
- Donneschden, den 07.01 bis Sonndes, den 10.01.2027
- Donneschden, den 28.01 bis Sonndes, den 31.01.2027
- Méindes, den 15.02.2027
- Samsdes, den 20.02.2027 (Examen)
Bei techneschen oder administrative Froen zu enger Affektatioun am GIS, kënnt Dir Iech beim Département Pompiers volontaires mellen:
dco-dpv@cgdis.lu
Bei praktesche Froen zur Aarbecht vum GSAN, kennt dir de Kader vum Groupe kontaktéieren:
gis-gsan@cgdis.lu