Recrutement pour le CSL

Affiches

D'Unité de ravitaillement vum Centre de soutien logistique (CSL) këmmert sech em d'Verfleegung vun de Pompjeeë bei längeren oder ustrengenden Asätz. A Krisesituatioune kann d'Unitéit zousätzlech fir de Ravitaillement vun engem Deel vun der Bevëlkerung suergen. Och bei gréissere Sécherheetsdispositiffen ënnerstëtzt de RAVI d'Unitéiten um Terrain. Am Kader vun den Asätz schafft d'Unitéit RAVI Hand an Hand mat der Unité d'appui logistique vum CSL.

Zukünfteg wäert d'Unitéit op 4 RAVI-Standuerter (1 pro Zone) zeréckgraife kënnen fir seng Reaktivitéit ze verbesseren. Dofir sicht den CSL Verstäerkung, fir seng Missiounen am Ravitaillement weiderhi garantéieren ze kënnen.

Fir sech kënnen als Kandidat beim CSL-Ravitaillement ze mellen, muss ee follgend Konditiounen erfëllen:

  • Schonn operationelle Pompjee am CGDIS sinn (fraiwëlleg an/oder berufflech) ODER
  • Pompier de support sinn, a bereet sinn erëm an den operationelle Volet ze wiesselen ODER
  • bereed sinn sech als neie fraiwëllege Pompjee fir dës Unitéit ausbilden ze loossen;
  • e gültege B-Führerschain hunn.

Fir sech méi am Detail iwwert d'Aarbecht vun der Unité Ravitaillement ze informéieren, sinn zwou Informatiounsversammlunge geplangt:

  • Mëttwochs, de 17. Juni 2026 um 19:00 am CNIS
  • Samsden, de 27. Juni 2026 um 09:00 am CNIS

An dëser Versammlung gi wichteg Detailer zu enger Affektatioun am CSL-Ravi, der Formatioun, dem Maintien des acquis, mee och dem Oflaf vun Asatz erkläert. D'Participatioun un dëser Séance d'information ass obligatoresch, wann ee fir d'Unitéit postuléiere wëll.

Invitéiert ass jiddereen, deen déi uewe genannte Konditiounen erfëllt an un engem Engagement als fraiwëllege Pompjee am CSL interesséiert ass. Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis de 14. Juni, iwwert de Button hei drënner, obligatoresch.

Eng definitiv Kandidatur muss no der Infoversammlung a Form vun enger Mail bis spéitstens de 05.07.2026 u follgend Adress geschéckt ginn: dco-dpv@cgdis.lu.

No den individuellen Entretien'en, déi vum 06.07 bis de 15.07.2026, zwëschent all Kandidat an de Responsabele vum CSL, stattfannen, gëtt eng Selektioun getraff.

D'Formatioun «CSL 1» ass fir den 21.11.2026 an 22.11.2026 geplangt. Un dësen Datumer muss all Stagiaire kënnen deel huelen!

► Bei techneschen oder administrative Froen zu enger Affektatioun am CSL, kënnt Dir Iech beim Département Pompiers volontaires mellen: dco-dpv@cgdis.lu

► Bei praktesche Froen zur Aarbecht vum CSL, kennt dir de Kader kontaktéieren: 
csl-cadre@cgdis.lu

 

Umeldung fir d'Infoversammlung

Dernière mise à jour