De Groupe d’appui à la coordination opérationnelle ass ee vun den 9 Groupes d’intervention spécialisés (GIS) vum CGDIS an ënnerstëtzt bei enger Aktivatioun vum Centre de gestion des opérations (CGO). De CGO als Deel vum CSU112, ass zoustänneg fir d’Coordination vu gréisseren Asätz. An dem Fall këmmert sech de GACO ëm d’Informatiounsbeschaffung, d’Analyse vun der Meteo a Kaartematerial a mëscht déi sougenannte Main courante, also d’Dokumentatioun vum Asazoflaf. D’Ekipp vum GACO gëtt och am ELW (Einsatzleitwagen) an aneren Führungstrukturen agesat fir den COS op enger Asazplaz ze entlaaschten.
Fir sech kënnen als Kandidat beim GACO ze mellen, muss ee follgend Konditiounen erfëllen:
- Operationelle Pompjee am CGDIS sinn (fräiwëlleg an/oder berufflech)
- Eng gülteg medezinesch Aptitude vun der Kategorie S (ouni operationell Restriktioun) hunn
- Mindestens den Emploi vum Chef de section (INCSA) hunn
- Aktivitéit am primären CIS opweisen kënnen
ODER
- Spezifescht Fachwëssen am Beräich vun der Kartografie, Meteorologie oder der Kommunikatioun hunn
- Bereet sinn sech zum fräiwëllege Pompjee ausbilden ze loossen
Zäitlech Disponibilitéit fir reegelméisseg u Maintien des Acquis a Formations continues kënnen deel ze huelen.
Fir sech méi am Detail iwwert d’Aarbecht vum GIS GACO ze informéieren, ass eng Informatiounsversammlung geplangt:
- Mëttwochs, den 20. Mee 2026 um 19:00 am CNIS
An dëser Versammlung gi wichteg Detailer zu enger Affektatioun am GIS GACO, esou wéi der Formatioun, dem Maintien des acquis, mee och dem Oflaf vun Asätz bei enger Aktivatioun vum CGO, erkläert. D’Participatioun un dëser Séance d’information ass obligatoresch, wann ee fir de Groupe postuléiere wëll.
Invitéiert ass jiddereen, den déi uewe genannte Konditiounen erfëllt an un engem Engagement als fräiwëllege Pompjee am GIS interesséiert ass. Aus organisatoreschen Grënn ass eng Umeldung bis de 15. Mee iwwert follgende Link:
D’ Formatioun «GACO 1» ass fir de 17.10.2026 a 14.11.2026 geplangt. Un dësen Datumer muss all Stagiaire kënnen deelhuelen!
- Bei techneschen oder administrative Froen zu enger Affektatioun am GACO, kënnt Dir Iech beim Département Pompiers volontaires mellen: dco-dpv@cgdis.lu
- Bei praktesche Froen zur Aarbecht vum GIS, kennt dir de Kader vum Groupe kontaktéieren: gis-gaco-chefsdecentre@list.cgdis.lu