[Remise de diplômes 2026] 🇫🇷 Le 26 mars 2026, plus de 300 pompiers volontaires et professionnels se sont vu remettre leurs diplômes lors d’une cérémonie officielle organisée par le CGDIS sur le campus de l’Université à Belval, en présence du Ministre des Affaires intérieures, Léon Gloden. Au total, 961 lauréats ont obtenu 1218 diplômes au cours de l’année écoulée, à travers 43 cours différents proposés par l’INFS. En parallèle, 440 formations de premiers secours et de sécurité et prévention des accidents au quotidien (SUA) ont permis à 6418 personnes d’acquérir les gestes élémentaires de secours, de sécurité et de prévention. Comme invité d’honneur, le CGDIS avait convié Jörg Teusch, inspecteur des incendies et des catastrophes des sapeurs-pompiers de la "Kreisverwaltung Bernkastel-Wittlich". Le 6 août 2024, il a dirigé les opérations lors de l’effondrement d’un hôtel à Kröv, en Allemagne. Il a partagé son expérience de cette intervention et la manière dont les secours ont procédé pour sauver les personnes. 🇱🇺 De 26. Mäerz 2026 kruten iwwer 300 fräiwëlleg a berufflech Pompjeeën hir Diplomer bei enger offizieller Zeremonie, déi vum CGDIS um Campus vun der Universitéit zu Belval organiséiert gouf, a Presenz vum Inneminister Léon Gloden. Am Ganzen hunn 961 Laureatinnen a Laureaten am Laf vum vergaangene Joer 1218 Diplomer kritt, verdeelt op 43 verschidde Coursen, déi vum INFS ugebuede goufen. Parallel dozou hunn 440 Formatiounen an Éischt Hëllef souwéi am Beräich Sécherheet a Preventioun vun Alldagsaccidenter (SUA) et 6418 Persoune méiglech gemaach, elementar Grëffer am Beräich Nouthëllef, Sécherheet a Preventioun ze léieren. Als Gaaschtriedner hat de CGDIS de Jörg Teusch, Brand- a Katastropheninspekter vun de Pompjeeë vun der Kreisverwaltung Bernkastel-Wittlich, invitéiert. De 6. August 2024 koum et zu Kröv an Däitschland zum Astuerz vun engem Hotel, wou heen d'Asazleedung iwwerholl huet. Heen huet seng Erfarungen vun deem Asaz konnten deelen a wéi si fir d'Rettung vun de Leit virgaange sinn.