Schaummëttel sinn a bleiwen am Pompjeesasaz eng sënnvoll Alternativ bei verschiddenen Zorte vu Bränn. De Fluor, dee laang Zäit bei verschiddenen Zorte Schaummëttel agesat ginn ass an haut nach deelweis agesat gëtt, gëtt awer ëmmer méi streng vun der EU reglementéiert wëll hien an der Ëmwelt verbleift, sech iwwert Iessensketten uräichert an e Risiko fir déi mënschlech Gesondheet an d‘Ëmwelt duerstellt.
Onofhängeg vun den aktuell gültegen EU-Veruerdnungen, déi verschidde fluorhalteg Stoffer zwar nach erlaben, awer an hire Konzentratioun staark aschränken, huet de CGDIS decidéiert, sämtlech Schaummëttel mat fluorhaltege Verbindungen ze eliminéieren. Dëst och am Hibléck op déi ëmmer méi streng Direktiven, déi mat ganz grousser Warscheinlechkeet doropper erauslafen, datt an Zukunft sämtlech PFAS (Perfluorinated alkylated substances) wäerte verbuede ginn.
Fir dëst Ziel ze erreechen huet den CGDIS am Juli an den zwou éischten Zonen[1] ugefaange mat:
- der Eliminatioun vu PFAS-haltege Schaummëttel a Kanister respektiv Fässer;
- der Eliminatioun vun net korrekt gekennzeechente Bidon’en (<25L Inhalt), well hei net ka séchergestallt ginn datt des Schaummëttel d’Grenzen a Punkto PFAS respektéieren;
- dem Huele vun enger Prouf vu Schaummëttel aus den Tanke vun de Gefierer respektiv aus Bidon’en oder Fässer (>25L Inhalt). Och wann haut aktuell konformt Schaummëttel an engem Tank ass, kann de PFAS-Gehalt iwwert de Grenzwäerter leien, doduerch datt virdrun eng Kéier PFAS-haltegt Schaummëttel am Tank war.
[1] An déi nächst zwou Zone wäert d’DCO mat der DML am Hierscht goen.
An enger zweeter Etappe gëtt/ginn:
- vu Fall zu Fall gekuckt op déi eliminéiert Schaummëttel ersat ginn oder net. Dëst hänkt staark dovunner of wéi eng Zort(en) vun Schaummëttel de CIS a senge Primär-Gefierer an den Tanke mat féiert, wéi eng Geforen-Potentialer sech an sengem Primär-Asazgebitt befannen a wéi vill Schaummëttel hie soll als Reserve am CIS virhalen;
- déi analyséiert Schaummëttel vun de Prouwen, wann si sech als flurohalteg erausstellen, eliminéiert. Sinn dës an Tanke vu Gefierer, da muss dëse gespullt ginn. Déi genau Virgoensweis leet de CGDIS zesumme mat der Ëmwelt- a Waasserverwaltung fest.
Ee méi detailléierten Artikel mat der mëttel- bis laangfristeger Ausriichtung vum CGDIS- Schaummëttelkonzept gëtt an enger vun den nächsten Honnertzwielef112 Ausgabe publizéiert.