Mëtt Juli hunn d’Ekippe vun dem CSU-112 un enger spezieller Formatioun deelgeholl, an der si mat Hëllef vun enger innovativer Software a Kënstlecher Intelligenz, hier Kommunikatioun am Kontext vun Noutriff trainéiere a verbesseren konnten.
Wärend 3 Deeg huet all Ekipp vum CSU-112 des Formatioun, déi jeeweils 8h gedauert huet, eng Kéier duerchlaaf.
D’Ziel vun dëser Formatioun war fir d’Operateuren an d’Chefs de salle op den Inhalt an d’Form vun den Kommunikatioun mat den Uruffer opmierksam ze gi an duerno duerch Selbstevaluatioun ze erkenne wou des Kommunikatioun verbessert oder weiderentwéckelt ka ginn.
Am Kader vun dëser Ausbildung konnte Formateure vun der Firma AnthroPi an de neie Raimlechkeete vun dem CSU-112 um Site vum CNIS mat Hëllef vun hirem Simulphone Simulatiounsprogramm hei ënnerschiddlech Zenarie mat den Operateuren duerchspillen.
E wichtegen Aspekt vun der Formatioun war d’Selbsevaluatioun. Heifir gouf dann och jeeweils um Enn vun all Sessioun vun Simulatiounen vun Noutriff en Debriefing gemaach, wou den Operateur zesumme mat senger Ekipp seng Reaktioune konnt duerchgoen a feststelle wat gutt an senger Kommunikatiounwar a wou Verbesserunge gemaach kënne ginn.
D’Simulphone Formatioun huet aus 2 Volet’en bestaanen:
- Am 1. Volet konnten d’Operateuren hiert Gehéier an hir Analysefäegkeeten an 2 Atelieren testen.
- An engem Atelier goung et dorëms nëmmen un Hannergrondgeräischer erauszefanne wou den Uruffer sech befënnt.
- An deem aneren Atelier hunn d’Operateuren Ausschnëtt vun engem Uruff analyséiert an hunn des an déi richteg Reiefolleg bruecht a gläichzäiteg ausgewielt wéi eng Infoen am wichtegste sinn. Herno hunn si hire Choix och misste begrënnen.
- An dem 2. Volet vun der Formatioun kruten d’Operateuren Uriff vun dem Simulphone Simulatiounsprogramm. An 4 ënnerschiddlech Uriffzenarie konnten si dann dat Geléiert aus dem 1. Volet a simuléierte Real Konditiounen uwenden. Dëss Uriff goufen opgezeechent an hunn herno eng Basis gebueden op der d’Operateuren hier Selbsvaluatioun maache konnten.
D’Resultater vun dëser Formatioun bidde wichteg Infoen doriwwer wéi d’Qualitéit vun den Uriff op dem Niveau vun der Kommunikatioun tëschent dem Operateur an dem Uruffer verbessert ka ginn an si bidden och en Abléck doran a wéi enge Beräicher weider Formatioune gemaach kënne gi fir de Service fir de Grand public nach méi effizient ze maachen.