De CGDIS huet virun ee puer Méint ee Maskottche fir d’Jugend offizialiséiert: de “Lio Liewensretter”.
De Service Communication huet eng Petzi Versioun vum “Lio Liewensretter” bestallt déi viru kuerzem an de CALT geliwwert ginn ass.
Direction des Moyens Logistiques wäert iech iwwer déi zonal Logistik an der nächster Zukunft eng Këscht vun 100 Stéck als initial Dotatioun liwweren. Déi sinn 30cm grouss (net wéi op der Photo) an eenzel an Plastikstute verpaakt.
D’Petzi’en si, wéi dir et iech kënnt denken, fir jonke Patiente geduecht déi mir mam RTW/AMB en Charge huelen. Dofir bieden mir iech an all RTW/AMB max. 2 Petzi’en beim KIDDY-Kinderrückhaltesystem (RTW – Staufach 19) ze stockéieren.
Et handelt sech hei also net ëm ee Werbeartikel en tant que tel. Petzi’en sinn deementspriechend nëmmen am Kader vun Asätz auszedeelen.
Well mir dovunner ausgaange sinn dat bei der Prise en Charge vu Patienten ëmmer ee RTW/AMB sur Place ass gehéieren d’Petzi’en a keng aner Ween.
Wann ären initiale Stock soll verbraucht sinn, kënnt Dir weider Petzi’en iwwer d’Consommables SAP an Ärer jeeweileger Zone bestellen.