Am Joer 2021 ware méi wéi 440 Kandidaten an engem Sportstest present. Dorënner Jugendpompjeeë vir den Changement zum operationelle Pompjee, wéi och nei Kandidaten déi direkt operationelle Pompjee ginn.
Vir dem fräiwëllege Pompjeeën entgéint ze kommen, Zäit ze erspueren, an och de gesamte Prozess ze beschleunegen gouf d’Konzept vum Fast Track an d’Liewen geruff.
Den aktuelle «Processus d’adhésion», wéi och den «Changement de statut» vum Jugendpompjee zum operationellen Pompjee ëmfaasst verschidden ënnerschiddlech Etappen: Sportstest, Ënnersichung am STP (Medico), Akleeden am CALT zu Miersch an administrativ Demarchen.
De Fast Track erméiglecht et dem Kandidat, oder och dem Jugendpompjee, de Sportstest, déi medezinesch Ënnersichung am STP, an d’Umoossen vun der Asazkleedung an engem hallwen oofzeschléissen.
De Sportstest ëmfaasst déi gewinnte fënnef Exercicer fir déi fräiwëlleg Pompjeeën :
- Test «Luc Léger»
- Gainage
- Monter à l’échelle
- Tirage corde
- Montée d’escaliers
Nom Sportstest gëtt de Kandidat fir den Examen initial an den STP begleet. Hei gëtt hien op déi ënnerschiddlech Kategorien, jee no zukünfteger Missioun, ënnersicht. Jugendpompjeeën vu manner wéi 16 Joer mussen vun den Elteren oder engem Tuteur an den Medico begleet gi. Zwësche 16 an 18 Joer gëtt eng zousätzlech Déclaration parentale gebraucht vir dat den Kandidat am STP kann ënnersicht ginn.
Als läscht Etapp vum Dag moosst de Kandidat sämtlech Uniformen an Asaztenue un, an seng jeeweileg Kleedergréissten gi notéiert. D’Kleeder ginn zu engem spéideren Zäitpunkt, wann d’Resultater vum Examen initial virleien an den Kandidat vum Generaldirekter approuvéiert gouf, an den lokalen Centre d’incendie et de secours geliwwert.
Ausserdeem besteet d’Méiglechkeet fir de Kandidat nach de selwechten Dag eng Platz an engem CIC, SAP1 oder FIS1 Cours ze reservéieren. Sollt allerdéngs keen vun den proposéierten Datumer dem Kandidat zousoen, leeft d’Aschreiwung an den éischten Formatiounen zu engem spéideren Zäitpunkt iwwert den lokalen Chef d’unité formation.
Wichteg ass, dass de Kandidat scho virum Fast Track am Entretien mam lokalen CIS Chef war an dësen den Umeldungsformulaire um Dynaforms ausgefëllt huet. Ausserdeem muss de Kandidat spéitstens den Dag vum Fast Track de favorabelen Avis vum CIS Chef, wéi den Auszuch Nummer 3 vum Casier judiciaire matbréngen. Bei Jugendpompjeeën oder Kandidaten mat manner wéi 18 Joer gëtt keen Casier judicaire, allerdéngs eng Déclaration parentale gebraucht. Den CIS Chef kann dës allerdéngs wéi bis elo all Dokumenter scho virdrun eraschécken.
Den éischten Fast Track fënnt den 29.01.2022 am CNIS statt.
D’Umeldung vir den Fast Track lafen iwwert den Département des pompiers volontaires:
Mail: volontariat@cgdis.lu / Tel. +352 49771 2332