Neijooschwënsch a Joresréckbléck CGDIS 21-22 vun der Inneministech Taina Bofferding

Léif Fräiwëlleg an Haaptamtlech vum CGDIS, um Ufank vum Joer 2022, dat mer eis all méi roueg erhoffe wéi 2021, wéilt ech Iech virop alles Guddes wënschen, a besonnesch eng gutt Gesondheet. Dir, déi Der zejoert nees mat u viischter Front géint de COVID-19 stoungt a wuel leider nach e bësse stoe wäert, wësst am Allerbeschten, dass d’Gesondheet e wesentleche Bestanddeel vum Wuelbefanne vu jidderengem ass. D’Joer 2021 huet eis awer och drun erënnert, dass nach aner Saachen essentiell sinn, wéi z.B. e gutt Zesummespill tëscht den Acteuren um Gebitt vun der ziviller Sécherheet an der Politik.

 

Aus den Erfarungen nom historeschen Héichwaasser vu Mëtt Juli musse mer all eis Léieren zéien an eis all leider nach besser op sou aussergewéinlech Wiederphenomener virbereeden. Ech sinn awer v.a. frou doriwwer, dass et, anescht wéi bei eisen däitschen a belschen Noperen, bei eis keng Doudesaffer gouf! Nawell hu vill Leit ënnert dem Ausmooss vun der Zerstéierung gelidden... Massive Reen, mat absolute Rekorder op verschiddene Meteostatiounen, huet zu schroen Iwwerschwemmunge laanscht Flëss gefouert, déi op 10 Statiounen d’100jäereg Wäerter iwwertraff hunn, an dozou, dass all Fra an Mann aus dem CGDIS huet misse mobiliséiert ginn, fir an engen 90 Gemengen uechtert d’Land z’intervenéieren an de Leit an Nout ze hëllefen.

Fakt ass, dass d’Ziler vun Ärer Aarbecht, spréch de Schutz vun der Populatioun, d’Verhënnere vum Verloscht vu Mënscheliewen a préventiv Aktiounen, fir Schued ze limitéieren (an d’Grondversuergung, v.a. mat Stroum a Waasser, ze garantéieren), erreecht goufen, obwuel d’CGDIS-Moyene bal un hire Grenzen ukomm waren! Dofir, vun dëser Plaz aus, nach emol e risegrousse Merci un Iech all, souwuel un déi vun Iech, déi um Terrain 27 Leit aus geféierleche Situatioune gerett a 560 Persounen evakuéiert hunn, wéi och un déi, déi déi iwwer 8.000 Telefonen entgéintgeholl hunn, déi an den éischten 48 Stonnen um 112 agaange sinn!

 

Verschidde Gemengen, déi ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn, sinn ech den Dag selwer an eng Woch drop besiche gaangen. Am Gespréich mat de Buergermeeschteschen a Buergermeeschtere goung et ëm d’Konklusiounen, déi fir d’Zukunft aus deem aussergewéinlechen Héichwaasser ze zéie waren. D’Gemengeresponsabel hu mir dobäi erzielt, wat gutt gelaf ass a wat eventuell nach misst verbessert ginn. Am Oktober da gouf zwou Chamberkommissiounen de Bilan virgeluegt, dee gezu gouf op Grond vum Rapport zur Krisegestioun, dee vum Ministerrot ugeholl gi war. Dora goufe 6 Konklusioune festgehalen, fir d’Land am Hibléck op eventuell zukünfteg Iwwerschwemmungen nach méi resilient ze maachen. Z’ernimme sief awer och, dass trotz der Situatioun bei eis am Land eis Solidaritéit mat den Nopeschlänner gespillt huet a mer Rettungsunitéite vum CGDIS souwuel an d’Belsch wéi och an Däitschland geschéckt hunn.

Grad d’Naturkatastrofe vun deene leschte Joren hunn eis virun Ae gehalen, wéi noutwendeg eng gutt opgestallten zivil Sécherheet ass, an dofir sinn ech immens frou, dass d’Regierung de PNOS ugeholl huet. Haaptzil vun dësem Plang ass et jo, dass de CGDIS an Zukunft bannent 15 Minutten iwwerall uechtert d’Land an engem Noutfall intervenéiere kann. Scho bei der Virstellung hat ech drop higewisen, dass dat net zum Nulltarif geschéie kéint, mä dass dësen noutwendegen Investissement an d’zivil Sécherheet méi Personal, Infrastrukturen a Budget bedeite géif, woubäi méi Budget méi Sue fir méi Service um Bierger entsprieche géif. D’Gemenge goufen ëm hiren Avis zum PNOS gefrot, am Kader vun engem Webinar konnte Froen dozou gestallt ginn, d’Chamber huet sech an enger Aktualitéitsstonn mam Thema befaasst, a mam SYVICOL gouf sech och dozou ausgetosch. D’Unhuele vum PNOS bedeit ë.a. d’Schafe vun 300 neie Poste beim CGDIS bis 2025.

 

Doriwwer eraus:

  •  koum am Fréijoer den ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet (Conseil supérieur de la sécurité civile) fir eng éischt Sëtzung beieneen, e Rot, deen als Missioun huet, fir zu alle Froen, déi d’zivil Sécherheet betreffen, säin Avis ofzeginn;
  • sinn ech, wéi d’Traditioun et quasi scho wëll, nieft mengem “Summer-Tour”, souwäit et Pandemie-bedingt méiglech war, op ville Plazen am Land gewiescht, fir Iech ze begéinen an Iech nozelauschteren. Och dëst Joer sinn ech a ville CISe ganz léif ëmfaange ginn a war frou, déi vill Andréck iwwert Ären Alldag kritt ze hunn;
  • gouf am Kader vum nationalen Dag vun der Préventioun vum 10. Oktober de reforméierten Éischt-Hëllef-Cours vu 16 Stonne virgestallt;
  • wëll ech d‘Plënneren an de CNIS, den Dréi- an Aangelpunkt vum CGDIS, besonnesch ervirsträichen an all deene Merci soen, déi et fäerdegbruecht hunn, dass d’Kontinuitéit vun de Servicer, wéi den 112, 24/7 garantéiert war.

Wéi Dir gesidd, hu mer e chargéiert Joer 2021 hannerun a wuel genee sou e spannend Joer 2022 virun eis. Ech hoffen, dass Dir, d’selwecht wéi ech, iwwert d’Feierdeeg déi néideg Energie getankt hutt, fir d’Erausfuerderungen, déi sech Iech an eis an de Wee stelle wäerten, unzegoen! Virun Ärer Solidaritéit mat de Biergerinnen a Bierger an Ärem onermiddlechen Asaz ronderëm d’Auer kann een nëmmen den Hutt zéien. Ech soen Iech vu ganzem Häerze Merci dofir a wënschen Iech an Äre Léifsten e glécklecht Neit Joer!                                                                                                                               

- Taina Bofferding, Inneministesch

Dernière mise à jour