Projet STROKE-AVC

An Zesummenaarbecht mat den Spideeler an der SNL ( Société Luxembourgeoise de Neurologie) lancéiert den CGDIS ab dem 1 Juni 2022 d ‘Testphase fir en néien Projet , deen als Ziel huet d’prise en charge vun Patienten mat Verdacht op Hireschlag ze verbesseren. Hei gelt den Slogan:

«TIME is BRAIN»

Et geet dorëm d’Zeitspaan esou kleng wéi méiglech ze halen tëschent dem Optrëtt vun den Symptomer an der prise en charge an enger spézialiséierter neuro-vasculairer Filière am Spidol. Eng europäesch Étudë huet bewisen dass Lëtzebuerg an deem Beräich nach Verbesserungspotenzial huet.

Hei ass den CGDIS en wesentlechen Acteur wat den Volet préhospitalier betrëfft. Esouwuel den CSU 112, wéi och den First Responder, den RTW an den SAMU. Dofir wëllen mir d ’Ofleef optiméieren fir Zäit ze gewannen an d ‘Transmissioun vun den Informatiounen tëscht Terrain an Spidol ze optimiséieren. Konkret soll dat esou oflafen dass wann den CSU 112 beim Noutruff en Verdacht op en Hierschlag erkennt, direkt bei der Alerte um Pager/SMS en spezifeschen Infotext  verschéckt: STROKE-AVC

Wann den Équipage vum RTW/SAMU dësen Verdacht konfirméiert oder eréischt op der Asaazplaaz feststellt , ginn si dëst am Kader vum Message d’ambiance SAP als Réckmeldung un den Officier Santé/ Opérateur CSU. Dorops hin gin dann op Basis vun engem Questionnaire deen zesummen mat den Neurologen ausgeschafft gouf, eng partie Froen iwer Telefon gestallt. ( dauert ongeféier 2 Minutten).

Opgrond vun den Äntwerten an den festgeluechten Critèrë alertéiert den CSU 112 direkt déi spezialiséiert Filière am Déngscht Spidol fir dass do all Virbereedungen kennen geholl gin fir eng schnell prise en charge vum Patient ze garantéieren an esou seng Recupératiounschancen ze erhéijen.

Mer sin an deem ganzen Prozess een Glidd vun der Ketten an wëllen eist dozou bäidroen d ‘Chancen fir déi betraffen Patienten ze verbesseren, dofir Merci fir ären Engagement!

Dernière mise à jour