Charte des valeurs du CGDIS

D'Generaldirektioun wëll zesumme mat Iech eng Charte des valeurs ausschaffe, fir eng gemeinsam Grondlag vun de Wäerter tëscht all de Mataarbechter vum CGDIS (fräiwëlleg a professionell Pompjeeën, administratiivt an technescht Personal, asw.) ze erstellen an eisen internen Zesummenhalt ze stäerken.


Well eis Charte e liewegt Instrument ass, dat eis hëllefe soll, d'Wäerter, déi eis all Dag uféieren, auszedrécken, ze fleegen an ze liewen, muss hir Schafung d'Resultat vun enger kollektiver Aarbecht sinn. Aus deem Grond maache mir en Opruff, dass dir iech kënnt melle fir un dësem Prozess deelzehuelen. D'Interessente sinn agelueden, un 2 Versammlungen deelzehuelen (Beruffer an/oder Statuten homogen gemëscht), déi vun engem Expert, mat Spezialisatioun op ethesch an deontologesch Froen, geleet ginn.

 

Mir hunn 9 ënnerschiddlech Gruppen erstallt, fir sécherzestellen, datt all Profiller vun de CGDIS-Mataarbechter vertruede sinn.
All Versammlung dauert zwou Stonnen: déi éischt wäert op d'Wäerter an hir konkret Auswierkungen am Alldag agoen. Dës Resultater wäerten d'Basis fir d'Charte bilden, déi an eisem Projetsgrupp ausgeschafft gëtt.
Déi zweet Versammlung wäert d'Geleeënheet bidden, d'Resultat vun dëser kollektiver Aarbecht ze bewäerten an ze verbesseren. En éischten Entworf vun der Charte gëtt ausgeschafft an ofschléissend vum Verwaltungsrot guttgeheescht.

 

Wann Dir un der Schafung vun dësem Dokument, dat eis Haaptwäerter ausdréckt a stäipt, wëllt deelhuelen, kënnt Dir eis dat matdeelen, andeems Dir Iech virum 31.08.2024 an déi fir iech zoutreffend Gruppen umellt: https://gd.lu/3KWLDG 

 

Wann Dir Iech an e puer Gruppe kënnt umelle, wielt dee Slot, deen Iech zäitlech am beschte passt. Är Selektioun hänkt vun der Unzuel vun den Umeldungen of (d'Gruppesitzungen sinn op 10 Persoune limitéiert) an Ärer Disponibilitéit fir den Datum vun der Versammlung vum ausgewielte Grupp. D'Versammlunge fannen am CNIS statt, Parkplaze kënne reservéiert ginn a fir déi Versammlungen, déi am spéiden Nomëtteg stattfannen, gëtt eng Klengegkeet fir ziessen ugebueden.

 

D'Gruppen:

  • Grupp 1: Fräiwëlleg Pompjeeë vum Basis-Kader ouni duebele Statut (ouni berufflech Aktivitéit am CGDIS): Dënschdeg, 1. Oktober 18H30-20H30

  • Grupp 2: Professionell Pompjeeë vum Basis-Kader: Mëttwoch, 2. Oktober 09H-11H

  • Grupp 3: Offizéier (professionell Pompjeeën, fräiwëlleg Pompjeeën oder Member vun engem GIS): Donneschdeg, 10. Oktober 18H30-20H30

  • Grupp 4: Ënneroffizéier (professionell Pompjeeën, fräiwëlleg Pompjeeën oder Member vun engem GIS): Donneschdeg, 3. Oktober 18H30-20H30

  • Grupp 5: Veteran Pompjeeën a Support Pompjeeë: Freideg, 4. Oktober 18H30-20H30

  • Grupp 6: Instrukteren (professionell oder fräiwëlleg Pompjeeën): Dënschden, 8. Oktober 18H30 – 20H30

  • Grupp 7: Gesondheetspersonal (Dokteren, Infirmieren, SAMU, Psychologen, asw.) (professionell an fräiwëlleg): Mëttwoch, 9. Oktober 18H30-20H30

  • Grupp 8: Administratiivt a technescht Personal, mat Managementfunktiounen (chef de service, Departementschef, asw.): Mëttwoch, 2. Oktober 13H-15H

  • Grupp 9: Administratiivt a technescht Personal, ouni Managementfunktiounen: Mëttwoch, 2. Oktober 16H-18H

Dernière mise à jour