Dëst Joer huet fir d’éischte kéier een Offizéier vum CGDIS, de Capitaine Yves Damy, um «Officier development program» vun der FEU (Federation of European fire officers) zu Arnheim, an Holland, deelgeholl.
D’FEU gëtt et säit Ufank de 90er Joren a regroupéiertert d’Interête vu Rettungs a Pompjeesorganisatiounen aus 24 europäesche Länner. Haaptmissioun vun der FEU ass den Austausch an d’Verbreedung vu Wëssen, Informatiounen an Erfarungen, sou wéi d’Intéreten vun de Rettungsservicer vis a vis vun den Europäeschen Institutiounen ze vertrieden.
Zousätzlech mescht FEU Ustrengungen am Beräich Entwécklung vun Offizéier, fir jonk an erfueren Offizéier mat de Challengë vun der Zukunft, getrei hierem Motto "Sharing, Inspiring, Improving" ze confrontéieren. Ënnert dëse Volet fält den «Officer development programm» deen dëst Joer seng drëtt Editioun hat.
Insgesamt 26 Offizéier aus 17 Länner (Europa awer och den USA an Ecuador) si vum 27.05 bis den 31.05 zu Arnheim an Holland am "Nederland Instituut Pulbieke Veilgheid", wou och d’Offizéier aus Holland ausgebilt ginn, zesummekomm.
Leitthema vun der Woch war, wéi an Europa ee méi nohaltegen an zukunftsséchere Rettungsdéngscht ka geschaaft ginn. Dëst a Relatioun mat all de Challengen déi d’Rettungsdéngschter vun haut beaflossen an op eis duerkomme wäerten (Klimawandel,
kënschtlech Intelligenz, Work Life Balance, Diversitéit).
Nieft interessante Präsentatiounen an de Beräicher Nohaltegkeet am Asaz, Resilienz vun de Bierger, Impakt op Politik goufen et och interaktiv Workshops zu Theme wei Nohaltegkeet am Alldag vum Rettungsdéngscht, Diversitéit a mental Gesondheet. No enger Woch Aarbecht konnt de Grupp vun de 27 Offizéier dem Comité Directeur vun der FEU hier Visioun an Iddien zu den uewe genannte Sujete präsentéieren.
Nieft de gesammelten Infoen an Dokumentatioune sinn esou Austauschprojeten wichteg fir sech an Europa an am Rescht vun der Welt mat anere Rettungsdéngschter ze vernetzen an iwwert dëse Wee Infoen, Donnéeën an Erfarungen um kuerze Wee auszetauschen.
D'Editioun 2025 wäert zu Lund a Schwede sinn.