Seid dem 9. November 2021 ass den CSU-112 um CNIS operationell. Bei der Ëmschaltung ass et zu kenger Coupure oder signifikante Problemer komm, soudass um 9h44 den éischte Noutruff ugeholl konnt ginn.
D'Ekippen vum CSU-112 waren dee Moien duebel besat: 7 Operateuren am CNIS an 7 Operateuren an der aler Zentral an der rue Robert Stümper. Insgesamt waren 12 Leit vum CGDIS un der Ëmsetzung vun der Ëmschaltung bedeelegt.
Ab dem 31.12.2021 gëtt de CGDIS domadder d'Gebailechkeeten an der Stümper op, a soumadd geet e Kapitel vum Lëtzebuerger Rettungsdengscht op en Enn.
Déi offiziell Aweiung war den 16. November 2021 a Presenz vun der Madamm Inneministesch Taina Bofferding, der Präsidentin vum Verwaltungsrot Madamm Lydie Polfer an dem Generaldirekter vum CGDIS Här Paul Schroeder.