Den 10. Mee konnt de CGDIS säin neit Boot entgéinthuelen, dat zukünfteg op der Base nautique zu Lëlz stationéiert wäert sinn. Vun hei aus, wäerten d’Membere vum GIS Sauvetage Aquatique dëst Boot zesumme mat dem Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre (SEBES), d’Unitéit vun der Depollution vum Groupe de protection contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (NRBC) an dem CIS Alebësch bedreiwen.
D’Boot wäert haaptsächlech am Kader vun der Persounensich, der Persounerettung, mee och beim Läsche vu Vegetatiounsbränn ronderëm dem Stauséi zum Asaz kommen. En Saugrouer saugt hei Waasser schonn iwwert dem Fueren un a kann dann iwwert e Moniteur genotzt gi fir mat 1200 l/min an 10 Bar Feier um Séiufer, aus enger Entfernung vu bis zu 20m, ze läschen.
E moderne Sonar-Radar erméiglecht d’Benotze vum Boot bei schlechte Siichtkonditiounen esou wéi och an der Nuecht. Eng Ënnerwaasserkamera, en Side-Scan Sonar Towfish, erméiglecht et grouss Gebidder ënner Waasser schnell ofzesichen an en detailléiert Bild vun allem wat sech um Gronn befënnt ze erstellen onofhängeg dovunner op d’Waasser kloer ass oder net.
D’Boot gëtt gläichzäiteg och vun dem SEBES genotzt a kënnt am Beräich vun der Depollutioun zum Asaz. Dat modernt Ekipement erméiglecht et Waasserprouwe fir d’Kontroll vun der Waasserqualitéit vum Stauséi duerchzeféieren. Iwwert e Kran kënnen hei problemlos Waasserprouwen un der Waasseruewerfläch ewéi och um Gronn geholl ginn.
D’Boot selwer huet e Gewiicht vun 3400kg a ka maximal 10 Persounen (à 85kg) an 300kg Laascht transportéieren. Eng ofsenkbar Klapp, erlaabt et hei och zu all Moment Persounen, Géigestänn oder Änleches problemlos aus dem Waasser opzehuelen.
Mat senger Gréisst, senger Luetkapazitéit, sengen 2 leeschtungsstaarken Honnertpäerdege Motoren a senger technescher Ausrëschtung handelt et sech bei dësem neie Boot em eng grouss Plus-value fir d’Pompjeeë vum CGDIS bei Asätz um Stauséi.
Direkt no der Liwwerung vum Boot, konnten sech och schonn d’Membere vum GIS Sauvetage Aquatique, dem CIS Alebësch an dem Sebes mat hirem neien Asazgefier vertraut machen andeems si eng Aweisung am Ëmgang mat dem neie Boot kruten.