Broschür zur Sensibiliséierung an dem richtegen Ëmgang mat perséinlechen Donnée’en

CGPD-Brochure.pdf

 Wéi eise Premier Minister M. Xavier Bettel betount:

«Jiddwer Eenzelen dréit a sengem Aarbechtsalldag eng grouss Verantwortung, fir de Schutz vun der Privatsphär ze garantéieren, an domat zum Erhalt vum Vertrauen an eis Institutioune bäizedroen.»

Aus deem Grond ass all Beruffspompjee, all fräiwëllege Pompjee, all Agent vum CGDIS, dozou opgeruff sech un den Inhalt vun der Broschür ze halen an sou d’Richtlinnen zum Schutz vun der Privatsphär an de richtegen Ëmgang mat sensibelen Donnée’en a sengem Aarbechtsalldag ze implementéieren an ëmzesetzen.

All Beruffspompjee, all fräiwëllege Pompjee, all Agent vum CGDIS deen

  • perséinlech Donnée’ë behandelt, sief dat am Kader vun den Asazprotokoller oder ausserhalb vun den Asätz,
  • sech ëm d’Erstellung oder d’Aktualiséierung vu Base de donnée’ë këmmert,
  • medezinesch Dossier’ën
  • oder finanziell Dokumenter traitéiert,
  • Telefonsgespréicher oder Radioreportagen ophëlt,
  • oder Kameraopnahme mëscht,

ass gebieden d’Virgaben aus der Broschür vum Commissariat du gouvernement à la protection des données auprès de l’Etat (CGPD) unzewenden a soumat och de Règlement d’intérieur ze respektéieren.

Fir all néideg Hëllef besteet säit 2018 e Service juridique et de la protection des données vum CGDIS deen all Member zu all Moment ka kontaktéiere fir sech iwwert d’Konformitéit vum eegenen Ëmgang mat sensibelen Daten ze versécheren, déi duerch déi europäesch Reegelungen, déi lëtzebuergesch Legislatioun an eis intern Prozedure virgeschriwwe sinn.

Dir kënnt de Service juridique et de la protection des données ënnert folgender E-Mail-Adress erreechen : juridique@cgdis.lu

Dernière mise à jour