Wéi Dir scho wësst, kënnt Dir mat engem Déngschtauto, respektiv MTW am CNIS parken. Ab elo musst Dir iwwert d’SHARVY Applikatioun (Site: PARKING-MTW-ZONE-2) eng Ufro maachen an net méi per Mail iwwert de Service gestion administrative vum INFS.
Wéi Dir Äre Konto konfiguréiert a Reservéierungen maacht, fannt Dir an dësem "How To".
Leider komme regelméisseg Reklammatiounen duerch Falschparken oder Memberen déi an der Übungszone ouni Reservatioun parken. Dofir bieden mir elo all Member mat enger Reservatioun, hier SHARVY Bestätegungsmail erauszeprinten an an d’viicht Fënster vum Won zeleeën, wann Dir an der Übungszon 2 parkt.
Sollt Dir mat engem MTW kommen, wiere mir immens Dankbar wann Dir géingt regroupéiert heihigefuer kommen. Soumat hunn och all Participante Chance eng Parkplaz am CNIS zekréien.
Dir dierft och just op der zougedeelter Nummer parken, déi Dir vum SHARVY verdeelt kruten. Sollt se net fräi sinn, da sot direkt am Accueil/Guichet vum INFS Bescheed (49771-2500). Den Accès zum Parking Zone 2 ass iwwert d’rue de la Francophonie.
Et sief drun erënnert,dass verschidde Parkplazen 2 Nummeren hunn. D.h. den éischte Won stellt sech esou no wéi méiglech bei d’Mauer.