Ab dem Ufank vum Joer 2023 ginn déi klassesch Sportstester duerch de FAST TRACK ersat.
De Fast Track beseet aus dem:
- Sportstest
- medezinesch Ënnersichung duerch den STP
- Umoossen vun der Uniform
- Aschreiwen an d’Formatiounen CIC, SAP 1 an/oder FIS1
De Fast Track fënnt op folgenden Datumer am Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) statt:
- 28/01/2023 Samschden Moien
- 23/02/2023 Donneschden Mëtten
- 25/03/2023 Samschden Moien
- 27/04/2023 Donneschden Mëtten
- 13/05/2023 Samschden Moien
- 29/06/2023 Donneschden Mëtten
- 29/07/2023 Samschden Moien
- 31/08/2023 Donneschden Mëtten
- 30/09/2023 Samschden Moien
- 26/10/2023 Donneschden Mëtten
- 25/11/2023 Samschden Moien
- 14/12/2023 Donneschden Mëtten
De Fast Track dauert ongeféier 3 Stonnen. Fir datt de Kandidat kann deelhuelen brauch hien:
- d’Umeldung an den Avis duerch den Chef CIS/GIS
- een Extrait Nr. 3 aus dem Casier judiciaire respektiv eng Déclaration parentale.
D’Jugendpompjeeën déi den Wiessel zum operationellen Pompjee maachen, kënnen op deene selwechten Datumer hiren Sportstest maachen. Bei hinnen entfalen awer d’Umoossen vun den Tenuen an de Médico, sou dat si no ongeféier enger Stonn fäerdeg sinn.
D’Umeldungen lafen iwwert d’Département des pompiers volontaires:
Mail : volontariat@cgdis.lu