E Réckbléck vum Oktober vum GIS Cynotechnique

Exercice conjoint GSAQ / Groupe cynotechnique

Donneschden den 12. Oktober 2023 haat de CYNO eng gemeinsam Übung mam GSAQ um Iechternacher Séi fir d'Hënn vun der Hondsstaffel un den Transport iwer Waasser ze gewinnen. Wéi sech erausgestallt hued wor bei deenen 10 Hënn keen dobei dee gréisser Schwieregkeeten domat haat, och wann et mol gewackelt huet.

Formation du groupe cynotechnique avec le THW Perl / Obermosel et RHOT

De Weekend vum 21. Oktober haat de groupe cynotechnique eng gemeinsam Formatioun mam THW Perl/Obermosel an der RHOT.

Hei woren 2 Trümmer / Flächenhënn an 3 Mantrailer dobei. Daat ganz ass Freides Owes ugangen an hued bis Sonndes Mëttes gedauert. Um Programm stoungen 7 Atelier'en déi hu missen ofgeschaft ginn. Ziel wor et en gemeinsamen Austausch ze hunn, a vuneneen ze léieren.

Exercice conjoint GRIMP / Groupes cynotechniques CGDIS et Croix Rouge

Den 18. Oktober 2023 haten d’Spezialunitéite GRIMP an d’Hondsstaffel vum CGDIS eng Übung zesumme mat der Hondsstaffel vun der Croix Rouge zu Stengefort. D’Zil vum Training war et sech géigesäiteg fir eng besser Zesummenaarbecht wärend engem Asaz ze forméieren. D’Hondsmeeschter hunn dem GRIMP gewise wéi e Flächenhond oder Mantrailer no enger Victime sicht, an de GRIMP huet den Hondsmeeschter bäibruecht wéi si sech zesumme mat hirem Hond kënnen ofseelen.

Nouveaux membres

  1. Dem Catherine säin 2. Malinois Cuba vun elo 12 Wochen
  2. Tanja verstärkt och elo mat sengem Malinois Rex vun 1 Joer d'Hondsstaffel vum CGDIS.
  3. Dem Catherine säin 2. Malinois Cuba vun elo 12 Wochen
Télécharger la galerie

Dernière mise à jour