Am Kader vum Iwwerschaffe vum Règlement Opérationnel gouf och d’Kategorisatioun vun de CIS reevaluéiert. Déi initial Kategorisatioun, déi am Kader vun der Grënnung vum CGDIS éischtmoleg festgeluecht gouf, konnt esou un déi néi Gegebenheeten ugepasst ginn. Doduerch datt eis Land sech iwwert d’Joren och verännert (z.B.: Bevëlkerungszouwuess, gréisser Bauprojeten, etc.), muss och de CGDIS dësen neie Risiken ëmmer erëm Rechnung droen an sech upassen. Am Verwaltungsrot vum Juni 2024 goufen déi adaptéiert Kategorië validéiert an iwwert d’Zonecheffen gëtt séchergestallt, datt all Zenter informéiert gëtt.
D’Kategorië vun de CISen hunn zum Zil, eng standardiséiert an eenheetlech Struktur an déi operationell Organisatioun vum CGDIS ze bréngen. Esou ka séchergestallt ginn, datt de CGDIS iwwerall am Land eng vergläichbar Äntwert op déi alldeeglech Risiken (Medezinesch Noutfall, Autosaccidenter, Bränn, etc.) ka bidden.
D’Kategorien definéieren dofir engersäits déi verschidden Departen vun engem CIS (Secours à personnes, Incendie-Sauvetage oder Autre), an dorausser ofgeleet wéi vill Pompjeeën de CIS muss disponibel hu fir dës Missioune kënnen ze erfëllen – de sougenannte Potentiel opérationnel journalier (POJ).
D’Iwwerschaffe vun de Kategorië gouf duerch eng standardiséiert an ob objektive Critèreren berouender Methode duerchgefouert. D’Grondlag heifir ass eng Risikoanalyse pro Asazsecteur, unhand vun där konnt ermëttelt ginn, wéi vill Moyen fir déi alldeeglech Gefoorenofwier an deem Secteur jeeweils néideg sinn.
26 vun de 95 Asazzentere vum CGDIS sinn no der neier Kategoriséierung an der Kategorie I ageuerdent. Dës Zentere spille fir d’Erreeche vun de 15 Minutten um lokalen Niveau an hirem Asazsekteur eng ganz wichteg Rôle, ënnert anerem duerch de First Responder, mä natierlech och mam LF fir de Volet Incendie-Sauvetage. Wann dës Zenteren eng staark Equipe u Fräiwëllegen hunn, da kënnen si nieft hiren lokalen Aufgaben och eng regional Sonderaufgaben iwwerhuelen (z.B. Besetze vun engem TLF-W).
45 Zentere sinn an der Katgorie II ageuerdent, dat heescht, si decken am Incendie-Sauvetage een Asazsecteur of, an deem méi een héijen Risiko besteet an doduerch och méi Asätz ufalen. Och een Zenter vun der Kategorie II ka regional Sonderaufgaben iwwerhuelen, oft mat Equipement wat ee spezielle Risiko an der Regioun ofdeckt (z.B. ee Boot wann de CIS bei engem Floss ass).
Déi verbleiwend 24 Asazzentere vun de Kategorien IIbis, III, IV a IVbis sinn nieft dem Incendie-Sauvetage, wou si oft och méi Sondermissiounen sécherstellen, och fir den Ambulanzdéngscht zoustänneg. Dës Zenteren hunn an der Reegel och ee regionale Rôle, zum Beispill an der zonaler Logistik mam Otemschutzatelier.
Duerch dëst komplementärt Zesummewierken vun den 95 CISen kann de CGDIS iwwerall am Land der Bevëlkerung een effikasse Rettungsdéngscht bidden an ass och opgestallt, fir am Fall vun gréisseren Asätz sech tëscht den Zentere géigesäiteg ze ënnerstëtzen.