Dekontaminatioun vun den Schaummëtteltanks (CIS Findel)

Am Kader vun Aféierung vun fluorfräien Schaummëttelen beim CGDIS, wat mat der Ëmsetzung vun néien europäeschen Directiven am Beräich vum Ëmweltschutz zesummenhänkt, huet Département Charroi et Logistique vun der DML zesummen mat der DCO, dem CIS Findel an der spezialiséierter Firma CORNELSEN vun Essen (D) während den vergaangenen 6 Wochen fënnef Asazween aus dem CGDIS-Fuerpark duerch een opwennegen Dekontaminatiounsprozess lafen gelooss.

Duerch Prouwen vun den verlaaschten Schaummëttel op allen Läschween duercht d’ Land huet DCO opgrond vun verschiddenen Parameter eng Prioritéitelëscht definéiert, op dëser 3 Läschween vum CIS Findel an 2 éischter kommunal Läschween aus dem Rescht vum Land ganz uewen stoungen. Dës 5 Ween goufen dunn am Kader vun dëser spezieller Aktioun um Haff vum CIS Findel een nom aneren vun der Firma CORNELSEN no engem definéierten Standard ugepaakt.

Nodeems den Läschwon ausser Déngscht geholl gouf an deen zu deem Moment verlaaschten Schaummëttel ofgepompelt gouf, ass dësen fir ongeféier 5 Schaffdeeg un eng patentéiert Dekontaminatiounssanlag ugeschloss ginn.

Dat ofgepompelt Schaummëttel ass professionell duerch eng lëtzebuergesch Entsuergerfirma eliminéiert ginn.

Während den 5 Schaffdeeg sinn déi jeeweileg Tanken, mee awer och Zoumëschanlagen, Ofgäng an eventuell Monitoren mat engem vun der Firma CORNELSEN patentéierten Verfahren gespullt an decontaminéiert ginn.

Nom Ofschloss vum Spulvirgang goufen Prouwen vun dësem gebrauchten Spulwaasser gezunn an vun engem externen Labo op Fluorverbindungen gepréift. Heibäi sinn héich präzis an sou geréng Zuelen erauskomm, déi wäit ënner all op europäeschem Niveau definéierten Grenzwäerter sinn.

No dësem Prozess goufen all déi Ween erëm mat néien fluorfräiem Schaummëttel befëllt, déi och déi néideg Qualitéiten hunn ewéi déi “al”.

Nëmmen een Zesummespill vun allen Bedeelegten konnt zu dësem erfollegräichen Schrëtt féieren, duerfir een grousse Merci.

Eng parallel, manner opwenneg Aktioun leeft aktuell um CALT Lëntgen, wou weider Läschween no Prioritéiten gespullt an mat néien fluorfräien Schaummëttel belueden ginn.

Dernière mise à jour