Recrutement Moniteur Premier Secours

Den INFS sicht fir 2025 Verstäerkung fir säin Team vun fräiwellegen Éischt-Hëllef’s-Moniteuren a
plangt dofir fir 10 weider Moniteuren ze recrutéieren an auszebilden.

 

Vu dass d’Demanden un Éischt-Hëllef’s-Couren a verschiddene Friemsproochen stänneg
zouhuelen, mussen d’Moniteur’s-Kandidanten och iwwer entspriechend Sproochekenntnisser
verfügen, an zwar entweder am Franséischen (7 Platzen), oder am Engleschen (3 Platzen).

 

D’Recrutement’s-Prozedur fir déi zukünfteg Moniteuren gesäit folgendermoossen aus:

 

Zougangsviraussetzungen:

  • Mindestalter vun 21 Joer
  • Qualifikatioun als SAP 1 (mind.)
  • Sprochenniveau deen mindestens den B2 an der compréhension an der expression entweder
    am Franséischen oder am Engleschen viraussetzt

 

Wann dës Critèren erfëllt sin mussen d’Kandidaten bis spéitstens den 07.10.2024 folgend
Dokument un den infs-howtohelp@cgdis.lu schécken:

  • e Motivatioun’s-Schreiwen firwaat sie dëse Posten iwwerhuele wëllen

 

Den INFS mecht dorop hin eng Présélectioun an déi zréckbehaale Kandidaten gin an e Gespréich
invitéiert a mussen sech engem fachlechen Examen ennerzéien, deen sech op d’Matière vun der
éischter Hëllef bezitt.

 

Dorop hin mecht den INFS déi endgülteg Sélectioun vun de Kandidaten an dës kennen dann
d’Formatioun vum Moniteur untrieden, déi aus folgenden Deeler besteet:

  • Dem ICI-Cours (initiation commune pour instructeurs) vun 16 UE. Kandidaten, déi iwwer eng
    pädagogesch Formatioun verfügen hun d’Méiglechkeet eng Dispens fir dëse Modul unzefroen.
  • Engem « administrative » Modul vun 8 UE, wou de Kandidat déi fir säin Emploi néideg
    informatesch Plateformen, Outil’en a Virgäng erklärt kritt.
  • An engem Hospitatioun’s-Modul vun 16 UE, an deem de Kandidat dann eng Mëschung un
    Hospitatioun’s- an Unterrichtsstonnen huet.

 

Fir weider Froen zum Moniteur, dem Recrutement oder der Formatioun kennt dir iech gär un den
Département de la Formation du Public et VAE wenden.

Dernière mise à jour