Lëtzebuerg engagéiert sech fir d'psychesch Gesondheet! Dëst ass de Leitmotiv vun de Semaines de la Santé Mentale, déi zënter 2018 all zwee Joer vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale (D'Ligue) an hirem Centre d'Information et de Prévention organiséiert ginn.
Déi véiert Editioun fënnt vum 7. bis den 20. Oktober 2024 statt.
Ziler:
- Kanner, Jugendlecher an Erwuessener an hirem Ëmfeld fir psychesch Gesondheet an psychesch Erkrankungen ze sensibiliséieren.
- D'Bewosstsinn an der Bevëlkerung fir d'Wichtegkeet vun enger gesonder Entwécklung vu Klengem un fir d'Erhale vun engem psycheschen Gläichgewiicht während dem ganze Liewe ze schäerfen.
- D'Vernetzung an Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ze fërderen an ze stäerken.
Coursen am CGDIS:
De Comité RPS (Risques Psychosociaux) vum CGDIS proposéiert iech folgend Coursen:
- Aféierung an d'Relaxatioun
07.10.2024 (14:00 - 17:00) am CNIS
10.10.2024 (14:00 - 17:00) am CNIS
Formateur/-trice : Anouk Lagrange (Opératrice CSU-112 et relaxologue certifiée)
· Dës Formatioun erméiglecht et de Participante, bewosst hier Ootmung wouer ze huele mam Ziel de Kierper an de Geescht ze entspanen an déi gängegst Entspaanungstechniken an hiren Alldag ze integréieren.
Sprooch: LU
Public cible: Tous les membres du CGDIS (nombre max: 20)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
- Stressbewältegung a -präventioun
08.10.2024 (09:00 - 13:00) am CNIS
14.10.2024 (16:00 - 20:00) am CIS Dudelange
Formateur/-trice : Claudine Wagner (Psychologue - Service accompagnement et soutien aux pompiers)
· An dëser Formatioun léiert dir e Stressmodell kennen, deen iech erlaabt är Stressausléiser an är perséinlech Stressverstärker ze identifizéieren, esou d’Dynamik vum Stress besser ze verstoen an Usazpunkten ze fannen fir dës Dynamik ze ënnerbriechen oder d’Opkommen vu Stress fréizäiteg ze verhënneren.
Sprooch: LU
Public cible: Tous les membres du CGDIS (nombre max: 20)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
- Premiers Secours en Santé Mentale (PSSM) STANDARD – CNIS
17.10.2024 (09:00 - 16:00) Module 1+2
18.10.2024 (09:00 - 16:00) Module 3+4
Formateur/-trice : Valérie Ensch (Instructrice PSSM de D’Ligue)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
Premiers Secours en Santé Mentale (PSSM) STANDARD – CIS Kopstal
08.10.2024 (18:30 - 21:30) Module 1
09.10.2024 (18:30 - 21:30) Module 2
15.10.2024 (18:30 - 21:30) Module 3
16.10.2024 (18:30 - 21:30) Module 4
Formateur/-trice : Valérie Ensch (Instructrice PSSM de D’Ligue)
Umeldung via communication@kopstal.lu
· Dës Formatioun hëlleft grondleeënd Informatiounen iwwer déi verschidde psychologesch Erkrankungen a Krisen ze léieren. Wann eng Persoun Zeeche vu mentale Gesondheetsprobleemer weist, wësst dir herno als ausgebilten Secouristen, wéi dir hinnen hëllefen, si ënnerstëtzen an informéieren an och wéi dir se encouragéiere kënnt, fir sech professionell Hëllef ze sichen an hir Ressourcen ze stäerken.
Sprooch: LU
Public cible: ouvert au grand public (18+) (nombre max: 20)
- Premiers Secours en Santé Mentale (PSSM) YOUTH – CNIS
17.10.2024 (09:00 - 17:00) Module 1+2
18.10.2024 (09:00 - 17:00) Module 3+4
Formateur/-trice : Sofia Ribeiro (Instructrice PSSM de D’Ligue)
· Les cours de premiers secours en santé mentale Youth sont une adaptation des cours PSSM dont l’objectif est d’apprendre à des adultes à venir en aide à des adolescents ou jeunes adultes chez qui un trouble psychique se développe ou s’aggrave, ou qui est en état de crise.
Sprooch: LU
Public cible: Moniteurs/-trices jeunes pompiers (18+) (nombre max: 20)
Umeldung via Leveso
- Psychohygiène fir "Helfer": gutt fir sech selwer suergen fir gutt fir anerer do ze sinn!
09.10.2024 (09:00 - 13:00) am CNIS
16.10.2024 (16:00 - 20:00) am CIS Nordstad (Site Diekirch)
Formateur/-trice : Claudine Wagner (Psychologue - Service accompagnement et soutien aux pompiers)
· An dëser Formatioun léiert dir gutt fir iech selwer ze suergen an doropshi fir anerer kënnen do ze sinn! Des Weideres gëtt iwwert Risiken déi Mënschen an «Helfer»-Beruffer oder am Volontariat ausgesat sinn geschwat. Dozou zielen zousätzlech zur héijer Aarbechtsbelaaschtung, soziale Konflikter oder aarbechtsorganisatoreschen Problemer, och Theemen wei d'Sekundär-Traumatiséierung oder de Burn-out.
Sprooch: LU
Public cible: Pompiers professionnels et volontaires (nombre max: 20)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
- Gesond Ernierung - "Schokolade macht glücklich" stëmmt dat och wierklech?
10.10.2024 (18:00 - 20:00) am CIS Junglinster
16.10.2024 (18:00 - 20:00) am CIS Dudelange
Formateur/-trice : Inès Renard (Diététicienne - Service accompagnement et soutien aux pompiers)
· An dëser Formatioun gesitt dir wéi d’Iessen an d’Wuelbefannen zesummenhänken. Ënnert anerem ginn Theeme wéi Iessverhalen an d'Freed um Iessen ugeschwat. No dësem Workshop gitt dir och net hongereg heem.
Sprooch: LU
Public cible: Tous les membres du CGDIS (nombre max: 15)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
- Betriebliche Suchtprävention
15.10.2024 (09:00 - 13:00) am CNIS
· Dës Formatioun befaasst sech mat der betriblecher Suchtpreventioun mat engem Fokus op Co-Ofhängegkeet. Co-Ofhängegkeet beschreift d'Verhale vu Persounen, déi an enger Bezéiung mat Suchtkranke stinn an bewosst oder onbewosst hiert Suchtverhalen ënnerstëtzen. D'Zil vun der Formatioun ass et, ënnert anerem, dëst Verhalen ze erkennen an ze léieren, gesond Grenzen ze setzen, fir e stäerkend Aarbechtsëmfeld ze fërderen.
Sprooch: LU
Public cible: tous les membres du CGDIS (nombre max: 20)
Umeldung (Opgepasst: Just iwwert e Staatsréseau méiglech)
Bei Froen zum Programm kënnt der iech un dev.rh@cgdis.lu wenden
oder un den 49771 2148 / 49771 2131.