Workshops aus dem psychologesche/medezinesche Beräich
Gesonde Schlof
(Dr Maria Mäurer & Claudine Wagner)
Gudde Schlof huet vill mat Liewensqualitéit a Wuelbefannen ze dinn. An dësem Workshop schwätze mir iwwert d’Chronobiologie , eng gutt Schlofhygiène, Schlof a Schichtaarbecht …
Psychohygiène fir «Helfer»: gutt fir sech selwer suergen fir gutt fir anerer do ze sinn!
(Claudine Wagner)
Ier dier an den Asaz fuert, suergt dier dofir, datt d’Ween an d’Material propper sinn an alles op der richteger Platz läit. Dier kennt äert Aarbechtsmaterial genee a wësst wat gemaach muss ginn fir et gutt ze ënnerhalen. Genausou wichteg ass et, wann een am Benevolat oder an engem Beruff schafft, wou een sech em aner Mënschen këmmert, gutt fir sech selwer ze suergen a säi Geescht a säi Kierper fit ze halen …. d.h. och hei fir e gudden «Entretien» virum, wärend a nom Asaz ze suergen. An dësem Workshop schwätzen mir iwwert Risiken déi Mënschen an «Helfer»-Beruffer oder am Volontariat – zousätzlech zu héijer Aarbechtsbelaaschtung, soziale Konflikter oder aarbechtsorganisatoreschen Problemer, kënnen ausgesat sinn, wéi z.B. der SekundärTraumatiséierung oder dem Burn-out. Mir kucken och wéi een sech optimal do virdrun schützen kann a wat ee maache kann, wann ee schonn betraff ass.
Stressbewältegung a –präventioun
(Dr Marie-Anne Bisdorff & Claudine Wagner)
Mir sinn privat wéi berufflech oft mat villen Erausfuerderungen konfrontéiert, déi mir dagdeeglech ze meeschteren hunn. Heiansdo kënnt een dann an d’Strauchelen oder et huet een d’Gefill an engem Hamsterrad ze dréinen wou een d’Sortie net méi fënnt. An dësem Atelier léiert dier e Stressmodell kennen, deen iech erlaabt är Stressausléiser an är perséinlech Stressverstäerker ze identifizéieren, esou d’Dynamik vum Stress besser ze verstoen an Usazpunkten ze fannen fir dës Dynamik ze ënnerbriechen oder d’Opkommen vu Stress fréizäiteg ze verhënneren.
Psychologesch Deeskalatioun am Asaz
(Claudine Wagner)
Wärend dem Asaz hu dier heiansdo mat Patienten, Familljememberen, asw. ze dinn, déi rose ginn an iech vis-à-vis verbal an/oder kierperlech aggressiivt Verhalen weisen. An dësem Workshop vermëttele mir psychologescht Hannergrondwëssen iwwer Eskalatiounsdynamiken bei Gewalt/Konflikter a beschwätzen Verhalensstrategien am Ëmgang mat Drohungen, Beleidegungen an Aggressivitéit.
Noutfallpsychiatresch Interventiounen: Ëmgang mat psychesch opfällege Persounen am Asaz
(Claudine Wagner)
Den Ëmgang mat psychesch opfällege Mënschen stellt am Asaz eng besonnesch Erausfuerderung duer. Schwieregkeeten am Gespréich mat dëse Leit si meeschtens op hir verännert Wahrnehmung vun der Realitéit zréckzeféieren, wouduerch si anescht op hir Gespréichspartner reagéiere wéi gesond Mënschen. Dëst kann zu Kommunikatiounsproblemer an am schlëmmste Fall zu enger aggressiver Eskalatioun féieren. An dësem Workshop gëtt op d’spezifesch Besoine vu psychesch kranke Mënschen an den Ëmgang domadder agaangen.
Workshops aus dem Beräich Ernärung
Ech wëll ofhuelen, ech wëll méi gesond iessen …
Sech Zieler setzen an erreechen - motivéiert dru bleiwen!
(Isabelle Vaessen & Claudine Wagner)
Heiansdo wëlle mir eppes änneren a setzen eis Zieler, mee schlussendlech klappt et net, datt mir drubleiwen. Fir erfollegräich Zieler oder gutt Virsätz ëmzesetzen, brauch et méi wéi just de Wonsch an de Gedanken un d’Ziel – och d’Ënnerbewosstsinn muss integréiert ginn. An dësem Workshop kucke mir, wat wichteg ass, wann een sech en Ziel setzt a wéi een sech selwer motivéiere kann fir drunzebleiwen. Een Ziel wat sech oft gesat gëtt ass (Gewiicht) ofhuelen. Wéi kann ech meng Ernärung laangfristeg änneren fir dëst Ziel ze erreechen? Wéi eng Faktore spillen nach eng Roll?
Schichtaarbecht a gutt Iessen – eng Saach vun der (On)Méiglechkeet?
(Isabelle Vaessen, Inès Renard)
Schaffen zu ënnerschiddleche Momenter, iessen zu aneren Zäiten. Op der Nuetsschicht kënnt den Honger, bis op den Automat mat e puer Snacken an der Tankstell ass alles zou. Wat kann een dann elo iessen? Den Zäitpunkt vun de Molzechten an hier Zesummesetzung spillen eng wichteg Roll fir gutt duerch d'Schichten ze kommen. An dësem Workshop gi mir op d'Schwieregkeete vun der Schichtaarbecht an a ginn iech Tipps fir gesond z’iessen trotz der Schichtaarbecht.
Iessen an Drénken : Fit fir an den Asaz
(Isabelle Vaessen, Inès Renard)
Als Pompjee musst dir leeschtungsfäeg a zu all Moment asazbereet sinn. Dat richtegt Iessen a Gedrénks hëlleft iech dobäi. Eng «gesond Ernärung» gëtt oft mat Regime, Restriktioun oder souguer Verbuet associéiert. An dësem Workshop weise mir iech, dass gesond Iesse keng Lascht ass, mee Freed maache kann! Hei heescht et : gutt a mat Genoss iessen (an dat ganz ouni schlecht Gewëssen ze hunn). Zesumme gesi mir, dass eng gesond Ernärung villfälteg ass, jidderengem schmaache kann an einfach ëmzesetzen ass. Mir erklären iech d’Grondprinzippien vun der gesonder Ernärung a ginn iech einfach Tipps an Tricks déi dir am Alldag ëmsetze kënnt.
Umeldung a Froen
Wann dier oder är Ekipp un engem vun dëse Workshoppen interesséiert ass, mellt iech w.e.g:
dms-psy@cgdis.lu - 49 771 – 2451
dms-diet@cgdis.lu - 49 771 – 2452/2453
D’Workshoppen daueren ongeféier 1,5 bis 2 Stonnen. Mir sinn zäitlech flexibel (am Dag, Owes, Samschdes).
Bei Froen, kënnt dier iech direkt bei där Persoun/deene Persoune mellen, déi de Workshop ubidden.
Mir freeën eis bei iech an d’Ekipp ze kommen