Opgrond vun de Bestëmmunge vum neie COVID-Gesetz vum 18. Oktober 2021, an opbauend op de Reegelungen, déi gemäss der Note unifiée COVID #18 am CGDIS a Kraaft waren, huet de Comité directeur festgehalen, mat Ausnam vum operationelle Volet, no der Allerhellegevakanz, also ab Mëttwoch dem 10. November 2021, an alle Gebaier vum CGDIS de generelle CovidCheck Regime anzeféieren.
Dëst bedeit, dat ab dem 10. November 2021, just Persounen Zoutrëtt zu de Gebaier vum CGDIS kréien, déi entweder geimpft sinn, nees gesond sinn oder déi een zertifiéierten negativen Test noweise kënnen. Et gi just nach zertifiéiert Tester, déi vun engem Professionell de Santé, wéi am Artikel 3quater (3) vum Covid-Gesetz virgesinn, duerchgefouert goufen, zougelooss. Des weidere muss den Zertifikat mat QR-Code vun der CovidCheck App gelies kënne ginn.
De CovidCheck gëtt fir all fräiwëlleg an haaptberufflech Mataarbechter a Mataarbechterinnen, onofhängeg vun hirem Statut, all Visiteuren an all extern Déngschtleeschter applizéiert. Ausser de Kanner vu manner wéi 12 Joer, si keng Ausname virgesinn.
Et läit an der Responsabilitéit vum jeeweilege CIS/GIS-Chef, Accès(en) an d’Gebai ze definéieren an deenen de CovidCheck duerchgefouert gëtt. An deenen aneren Entréeë sinn Affichen (cf Annexe) unzebréngen, déi dorop hiweisen dat den Accès an d’Gebai just iwwert déi ausgewisen Accès(en) erlaabt ass.
Fir de CNIS läit dës Responsabilitéit beim Generaldirekter a fir den CSL zu Lëntgen, resp. de CALT zu Miersch, beim Direkter vun de Moyens logistiques. D’Zonecheffe sin zoustänneg fir de CovidCheck Regime an hire Gebaier ëmzesetzen.
Sämtlech Formatioune vum INFS ënnerleien och dem CovidCheck Regime.
De CGDIS ka keng zertifiéiert Tester ubidden. Mir wäerten allerdéngs alle fräiwëllegen an haaptberuffleche Mataarbechter, am Kader vun enger CGDIS interner Impfcampagne, d’Méiglechkeet gi, sech géint de COVID-19 Virus impfen ze loossen. Detailer heizou kommen zäitno an enger separater Nott.
Eng separat Nott wäert och nach d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë betreffen.
Weider Detailer, betreffend den Implicatioun vum CovidCheck Regime, kënnt Dir am FAQ, deen op de Consigne vun der Fonction Publique berout, noliesen.
Operationnelle Volet
D’Reegelunge vun der Note unifiée COVID #18 betreffend d’Asätz bleiwe bestoen:
Trotz dem Akraafttriede vun dem Gesetz zu dem 3G CovidCheck-System, muss all Pompjee weiderhi bei Asätz eng chirurgesch Mask droen an dat ab dem Moment wou d’Ekipp am Gefier de CIS verléisst. Wärend den Asätz kënnen si zu all Moment op Persounen treffen, bei der si keng Garantie hunn, op si ee vun deenen 3G’en erfëllen. Des Mesure garantéieren eng kloer Linn an domat dierft all Oubli verhënnert ginn.
Bei der Patientebetreiung muss de Patient ëmmer eng chirurgesch Mask unhunn. Dëst ass och de Fall wann hien ee vun deenen 3G’en vum CovidCheck beweise kann.
D’Prozedur, no der keng Begleetpersoun am RTW ka matfueren, bleift bestoen, Eltere vu Kanner ënner 18 Joer sinn hei d’Ausnam.
Allgemeng Informatioun
Nach emol ee grousse Merci fir äert Engagement an dass dir déi hei ernimmte Mesure respektéiert.