De Grupp vun den Taucher vun der Protection Civile sicht nei Rettungsschwëmmer an Taucher

De Grupp vun den Taucher vun der Protection Civile sicht nei Rettungsschwëmmer an Taucher.

Fir matzemaachen muss een:

  • de medezineschen Eegenungstest fir Taucher bestoën
  • tëscht 18 an 35 Joër al sinn
  • mindestens 15 Minute kënne schwammen
  • bis zur Formation vum Taucher och nach en 1. Hëllefcours kënne viirweisen.

Wat bidde mir?

  • eng flott Ambiance
  • usprochsvoll Asätz
  • eng komplett Formatioun am Tauchen
  • Motobootsführerschäin
  • Ofseeltechniken
  • Formation an Éischter Hëllef an nach „ vill méi“ fir fit ze sinn fir op dem Posten um Stauséi
  • Zesummenaarbeecht mat allen Akteuren vun de lëtzebuerger Rettungsdéngschter
  • Formatiounen a Stagen am Ausland

Wat hätte mir gär?

  • Leit déi sech engagéieren
  • Leit mat Teamgeescht
  • Leit déi eng grouss Disponibilitéit hun
  • Leit déi interesséiert sin un Technik an um Rettungswiesen

Fir kenne spéider Member vum Grupp ze gin, muss een d´Formatioun vum Rettungsschwëmmer, déi den 2. Oktober 2012 ugeet, gepackt hun.
No der Formatioun vum Rettungsschwëmmer geet da gläich, fir déi di Loscht hun, d‘Formatioun vum Taucher un. Dës Formatioun begräift theoretesch a praktesch Deeler.
Wann Dir Iech ugesprach fillt, da mellt Iech fir zousätzlech Informatiounen an fir d’Aschreiwung um

Tel.: (+352) 49 77 11 - 421
E-mail: karin.greis@secours.etat.lu

De leschten Termin as den 1. August 2012.

Den Aschreiwungsformulaire a weider Informatiounen stin och op:
http://www.112.public.lu/organisation/groupes/grenouille/index.html

Dernière mise à jour