Informations pratiques pour les participants aux formations INFS

Hei drënner fannt Dir all néideg Informatiounen bezüglech Ärer Aberuffung an eng Formatioun an och all aaner Prestatiounen déi den INFS ubitt.

 

Bei Froen zu Ärer Aberuffung kennt Dir INFS Secrétariat ënnert folgender Nummer / Mail kontaktéieren:

Tél: 49771 – 2500

E-Mail: infs@cgdis.lu

 

 

Congé spécial

Wann Dir wëllt vum Congé Spécial profitéieren, kennt Dir depassende Formulaire op Dynaforms ausfëllen.

Dësen muss spéitstens 2 Méint virum Ufank vun der Formatioun un DAF Administratif erageschéckt ginn.

Et sief, Dir kritt Är Aberuffung méi spéit vum INFS zougeschéckt. Do kënnt Dir eng kleng Notiz an de Formulaire dobäi setzen.

Fir d’Demande ofzeschléissen, musst Dir no der Formatioun nach Äre Certificat de participation eraschécken.

Bei Froen bezüglech dem Congé spécial kënnt Dir DAF Secrétariat via Telefon oder Mail kontaktéieren.

 

Tél: 4977-11

E-Mail: administratif@cgdis.lu

Absences

Bei Ofmeldungen musst Dir Iech 14 Deeg virum Ufank vun der Formatioun mat enger Mail un infs@cgdis.lu schrëftlech ofmellen.

No dësem Delai brauche mir e Certificat Médical oder e Certificat vun Ärem Patron, dass Dir net fräi gestallt kennt ginn.

Bei onentschëllegt feelen, gëtt een zwëschen 6 – 12 Méint gespaart. Dëst aus dem Grond well Formatiounsplazen blockéiert gi sinn ouni valabelen Grond.

Bei Froen bezüglech den Ofmeldungen kënnt Dir d’INFS Secrétariat via Telefon oder Mail kontaktéieren.

 

Tél: 49771 – 2500

E-Mail: infs@cgdis.lu

Restauration

Jee nodeem op wéi engem Site är Formatioun stattfënnt, kënnt dir vu  verschiddenen Offere fir d'Mëttegiesse profitéieren.

INFS-CNIS

D’Iessen ass fir all Participant gratis. Dir kritt Moies bei Ärem Check-in 2 Iess-Bongen. Wann eng Iwwernueschtung am CNIS gebucht ass, kritt Dir nach en zousätzleche Jeton fir d’Owesiessen.

Eisen Refectoire an der Zone 2 steet Iech och zur Verfügung, am Fall wou Dir Ärt eegent Iessen matbrenge wëllt.

 

Allergien / Intoleranzen:

Bei Allergien oder Intoleranzen kënnt Dir eis dat eng Woch virum Ufank vun der Formatioun mat enger Mail un hotellerie@cgdis.lu matdeelen.

Vegan ass leider net méiglech!

 

Horaires:

  • 07:15 - 09:00 Auer
  • 11:30 - 13:30 Auer
INFS-Feulen

Allergien / Intoleranzen:

Bei Allergien oder Intoleranzen kënnt Dir eis dat eng Woch virum Ufank vun der Formatioun mat enger Mail un hotellerie@cgdis.lu matdeelen.

Vegan ass leider net méiglech!

INFS-Wasserbillig

Allergien / Intoleranzen:

Bei Allergien oder Intoleranzen kënnt Dir eis dat eng Woch virum Ufank vun der Formatioun mat enger Mail un hotellerie@cgdis.lu matdeelen.

Vegan ass leider net méiglech!

Hébergement

Wann Är Formatioun iwwert e puer Deeg ofleeft, hutt Dir d’Méiglechkeet am CNIS ze iwwernueschten.

Schréift dofir w.e.g eng Woch virum Ufank vun der Formatioun eng Mail op hotellerie@cgdis.lu.

 

Personnes à mobilité réduite

Persounen mat reduzéierter Mobilitéit hunn d’Méiglechkeet een Zëmmer zur verfügung gestallt ze kréien dat op Hir Besoin’en adaptéiert ass.

Dëst Zëmmer kann mat enger Mail un infs@cgdis.lu reservéiert ginn.

 

Réfectoire

Mat Ärer Schlësselkaart hutt Dir och Accès op den Refectoire esouwéi op de klenge Living den Iech zur Verfügung steet.

Vestiaire

Vestiairen souwéi Duschen stinn Iech zur Verfügung, wou Dir souwuel wärend der Formatioun an Är Stuermgezei wiesselen kënnt, wéi och nom Cours Iech frësch maache kënnt.

Parking

OPGEPASST!

Dir muss Är Parkplaz just reservéieren, wann Är Formatioun um CNIS

(3, boulevard de Kockelscheuer; L-1821 LUXEMBOURG) stattfënnt.

Privat Auto

Eis Parkméiglechkeeten am CNIS sinn limitéiert. Aus dem Grond ass et wichteg, seng Parkplaz am Viraus ze reservéieren.

Fir d’Reservatioun ze maachen, musst Dir Iech d’Sharvy Applikatioun eroflueden an Iech iwwert de Webbrowser en Account erstellen.

Hei drënner fannt Dir den How To fir de Sharvy, sou wéi de Plang fir and Parkhaus.

Déngscht Auto

Am CNIS kënnt Dir och mat engem Dëngschtauto, respektiv MTW parken.

Do ass d’Entrée allerdéngs net déi selwecht ewéi déi vum CNIS Parkhaus. Fir an der Zone 2 parken ze kënnen musst Dir d’rue de la Francophonie erop fueren an beim Accès C erafueren.

Fir d’Reservatioun ze maache, muss Dir eng Mail mat der Demande un infs@cgdis.lu eraschécken, wou dës nach muss vum INFS confirméiert ginn.

Sollt Dir mat engem MTW kommen, wieren mir immens Dankbar wann Dir géingt regroupéiert heihinn gefuer kommen. Soumat hunn och all Participanten Chance eng Parkplaz am CNIS ze kréien.

P+R

Sollt Dir keng Parkméiglechkeet am CNIS ugebuede kritt hunn, kënnt Dir och vum ëffentlechen Transport profiéieren.

 

P&R Stade de Luxembourg à CNIS (Arrêt – Francophonie)

Ligne 22 + Ligne 5 + Ligne 8 (am 10 Min.- Takt)

 

P&R Sud à CNIS (Arrêt – Francophonie)

Ligne 28 (am 10 Min. – Takt)

 

Méi genau Informatiounen zu den Horairen vum ëffentlechen Transport fannt Dir op mobiliteit.lu.

Dernière mise à jour