Recrutement du groupe de protection contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (NRBC)

Affiches

De Groupe d’intervention spécialisé géint nuklear, radiologesch, biologesch a chemesch Risiken (kuerz GIS NRBC) besteet aus ongeféier 120 fräiwëllegen an 20 haaptberufflechen Pompjeeën. De GIS NRBC intervenéiert bei Asätz bei dem de Verdacht op geféierlech Stoffer besteet, mécht déi néideg Analysen, evaluéiert de bestoende Risiko fir Mënsch an Ëmwelt a leed och déi néideg Moosnamen an d’Weeër fir eng eventuell Ausbreedung ze verhënneren. De GIS besteet aus 5 Unitéiten a rekrutéiert elo nei operationell Pompjeeë fir de Besoin vun der Unité opérationnelle an der Unité décontamination.

Fir sech als Kandidat am GIS NRBC kënnen ze mellen, si follgend Krittäre vu Virdeel:

Fir d’Unité décontamination

  • Een ofgeschlossenen FIS II an SAP I hunn
  • Eng gülteg medezinesch Aptitude vun der Kategorie A oder B hunn

Fir d’Unité opérationnelle

  • Een ofgeschlossenen FIS II, SAP I an ARI I hunn
  • Eng gülteg medezinesch Aptitude vun der Kategorie A + ARI hunn

Zousätzlech gëlle fir déi zwou Unitéiten dës gläich Zougangskonditiounen:

  • Operationelle Pompjee am CGDIS sinn (fräiwëlleg an/oder berufflech)
  • Ee gültege Führerschäin B hunn
  • Aktivitéit am primären CIS opweise kënnen
  • Zäitlech Disponibilitéit fir reegelméisseg u zousätzleche MdA, Formatiounen, Déngscht an Asätz am GIS kënnen deel ze huelen.

Fir sech méi am Detail iwwert d’Aarbecht vum GIS NRBC ze informéieren, sinn zwou Informatiounsversammlunge geplangt:

  • Samsdes, den 19. September 2026 um 10:00 am CNIS
  • Mëttwochs, den 23.September 2026 um 18:00 am CNIS

An dësen Versammlungen gi wichteg Detailer zu enger Affektatioun am GIS NRBC, esou wéi der Formatioun, dem Maintien des acquis, mee och dem Oflaf vun Asätz, erkläert. D’Participatioun un enger vun dëse Séance d’information ass obligatoresch, wann ee fir de Groupe postuléiere wëll.

Invitéiert ass jiddereen, den déi uewe genannte Konditiounen erfëllt an un engem Engagement als fräiwëllege Pompjee am GIS interesséiert ass. Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis de 18. September, iwwert Link ënnen, obligatoresch.

Eng definitiv Kandidatur muss no der Infoversammlung a Form vun enger Mail bis spéitstens de 27.09.2026 u follgend Adress geschéckt ginn:  dco-dpv@cgdis.lu

No den individuellen Entretien’en, déi vum 05.10 bis de 09.10.2026, zwëschent all Kandidat an de Responsabele vum Groupe, statt fannen, gëtt eng Selektioun getraff.

D’Formatioun «NRBC1» ass fir de 21.11.2026 an 22.11.2026 geplangt. Un dësen Datumer muss all Stagiaire kënnen deel huelen!

Bei Froen zu enger Affektatioun am GIS NRBC, kënnt Dir Iech beim Département Pompiers volontaires mellen:

dco-dpv@cgdis.lu

 

Klickt hei fir op den Umeldungsformulaire fir d'Infoversammlung ze kommen.

Dernière mise à jour