[Incendie de charpente à Lultzhausen] 🇱🇺 De Samschden Owend, géint hallwer 10 huet d’Noutruffzentral CSU-112 Noutriff erreecht, an denen e Brand vun engem Gebai zu Lëlz gemellt goufen. Op der Plaz hunn déi éischt Unitéite vum CGDIS e Gebai virfonnt, wou den Daachstull schonn deels a Flame stoung. Trotz schwéierer Accessibilitéit bei d’Gebai an duerch eng Fotovoltaikanlag bei den Daachstull, konnten eis Pompjeeën duerch Läschugrëffer vu bannen a, mëttels 2 Dréileederen, vu baussen d’Feier am Zonk halen, éier et op de Rescht vum Gebai iwwergegraff hätt. Wärend de Läschaarbechte gouf och eng Waasserversuergung vum Stauséi aus opgebaut fir kontinuéierlech Läschwaasser zur Verfügung ze hunn. Dëst Gebai gouf net nëmmen als Sports- /Kloterhal mee och als Garage fir en Deel vum Fuerpark vum Centre d’incendie et de secours Alebësch-Eschsauer fungéiert. Dës konnten awer mat Zäiten a Sécherheet bruecht ginn. Ronn 80 Pompjeeën, zesumme mam Groupe d’appui technologique opérationnel (GATO), mam Groupe d’appui à la coordination opérationnelle (GACO) a mat der Unité Ravitaillement vum Centre de soutien logistique (CSL), waren am Asaz. Et gouf keng Persoun blesséiert. 🇫🇷 Samedi soir, vers 21h30, le CSU-112 a reçu un appel signalant un incendie dans un bâtiment à Lultzhausen. À leur arrivée, les premières unités du CGDIS ont constaté qu’une partie de la charpente du toit était déjà en flammes. Malgré les difficultés d’accès au bâtiment et la présence d’une installation photovoltaïque au niveau de la toiture, nos pompiers ont réussi à contenir l’incendie grâce à des attaques intérieures et extérieures, notamment au moyen de deux auto-échelles, avant qu’il ne puisse se propager au reste du bâtiment. Pendant les opérations d’extinction, une alimentation en eau a également été mise en place depuis le lac de la Haute-Sûre afin de garantir un approvisionnement continu en eau d’extinction. Ce bâtiment servait non seulement de hall sportif et d’escalade, mais également de garage pour une partie du parc de véhicules du centre d’incendie et de secours Alebësch-Eschsauer. Ceux-ci ont toutefois pu être mis en sécurité à temps. Environ 80 pompiers ont été engagés, aux côtés du groupe d’appui technologique opérationnel (GATO), du groupe d’appui à la coordination opérationnelle (GACO) et de l’unité ravitaillement du centre de soutien logistique (CSL). Aucune personne n’a été blessée.