Simulatiounspatiente fir Exercicer

Simulatioun’s-Exercicer sin e wichtege Bestanddeel an den Ausbildungen am Rettungswiesen. Am Kader vun dësen Exercicer kann an engem gesécherten Ëmfeld daat an- an ëmgesaat gin, waat an der Théorie geléiert gouf, ouni dass awer éventuell «Fehler» eng Konsequenz op e «richtege» Patient hätten. A fir dës Situatiounen esou realistesch wéi méiglech kennen duerzestellen, ass et immens wertvoll fir op geschoulten Simulatiounspatienten kennen zréck ze gräifen. Aus deem Grond huet den INFS zesummen mam LTPS entscheed, fir e gemeinsamen Appel ze lancéieren un Leit, déi interesséiert wiren fir am Kader vun Simulatioun’s-Exercicer d’Roll vum Simulatiounspatient ze iwwerhuelen. Dës Leit kréien dann eng Formatioun vun 12 Stonnen a kennen duerno bei de Simulatioun’s-Exercicer esouwuel vum INFS, wéi och vum LTPS, d’Roll vum Simulatiounspatient iwwerhuelen. Wann’s du also e bëssen Spaass un der Schauspillerei hues a wëlls zur Qualitéit vun den Ausbildungen am Gesondheets- a Rettungswiesen bäidroen, da mell dech. D’Informatioun dierf och gär weider geleet gin.

Acteur bei Simulation's-Exercicer_END

Dernière mise à jour